27 Joer agespaart. Den 11. Februar vum Joer 1990 kënnt en 72 Joer ale Mann mat erhuewener Fauscht aus engem Prisong a Südafrika: Den Nelson Mandela. D'Symbolfigur fir Fräiheet a Gereechtegkeet. Haut ass säin 8. Doudesdag.

Den Nelson Mandela huet a sengem Liewe méi Mutt gehat, wéi déi meescht vun eis jee a Filmer gesinn hunn.
De bewaffente Widderstand géint den Afrikaneschen Nationalkongress ugangs de 60er. Op esou Aktioune stoung Doudesstrof.
Dowéinst gëtt hie méi spéit vun der Police verhaft. Hien huet kee Problem domat viru Geriicht zouzegi wat hie gemaach huet. Hien steet dozou. Jo, de Nelson Mandela war bereet Verantwortung dofir ze iwwerhuelen.
Um Enn vum Prozess seet de Mandela zum Riichter: "Ech hunn a mengem Liewe géint déi Wäiss an déi Schwaarz Virherrschaft gekämpft. Ech si fir en demokratesche Staat an enger fräier Gesellschaft an där all d'Mënschen an Harmonie a mat der selwechter Chance zesumme liewen.
De Mandela kritt liewenslänglech. Muss Zwangsaarbecht an enger Carriëre maachen. Eppes wat hien zerstéiere sollt. Ma de Géigendeel ass geschitt wéi en an engem Interview bei der amerikanescher Talkmasterin Oprah Winfrey eemol sot.

05/12/2020 Nelson Mandela

Wéi ech am Camp ukomm sinn, waren do Leit déi scho vill matgemaach haten, déi méi Talentéiert ware wéi ech. Mat hinnen do ze sëtzen a sech auszetausche war fir mech eng vun den opschlossräichsten Experienzen déi ech jee hat. Mat deene Leit do sëtze fir iwwer de System ze schwätzen huet mech a Liewensgefor bruecht. Ma et huet d'Moral gestäerkt  a mer Courage gemaach, et besser wéi dat Bescht ze maachen.
 
Am Joer 1990, no 26 Joer koum hien duerch d'Hëllef vum afrikanesche Staatspresident Frederik de Klerk nees op fräie Fouss. Déi zwee kruten am Joer 1993 de Friddensnobelpräis fir hire Kampf géint de Rassismus.
Ee Joer méi spéit gëtt den Nelson Mandela den éischte schwaarze President vun Afrika. En huet der Apartheid en Enn gesat. Déi Wäiss an déi Schwaarz ware vun elo gläichberechtegt.
Och nom Enn vu senger Presidentschaft am Joer 1999 setzt hie sech nach ëmmer géint politesch Ongerechtegkeeten agesat. Als lescht am Krich am Irak
 
De 5. Dezember 2013 ass den Nelson Mandela am Alter vu 95 Joer un de Suitte vun enger Longenentzündung gestuerwen.
 

Ma och no sengem Dout bleift den Nelson Mandela onvergiess. All Joer gëtt him zu Éieren den Internationalen Nelson Mandela Dag. Dee fält op de Gebuertsdag vum Mandela. Op den 18. Juli. Den Dag gouf vun de vereenten Natiounen an d'Liewe geruff a soll un humanitäert Verhalen erënneren.