Beim Vin Diesel kommen engem spontan Autoen an de Kapp, Fast & Furious selbstverständlech. Den Owend si wuel och Autoen am Asaz awer net nëmmen.

Am Film Triple X spillt de Vin den Extremsportler Xander Cage dee sou seng Problemer mam Gesetz huet. De Gibbons, ee vum Geheimdéngscht, stellt de Xander virun de Choix; entweder nach eng Kéier an de Prisong oder sech als Spioun an der Terrorgrupp Anarchy 99 aschleisen. Eng helle Wull Action, Knupp, Bumm a Stunts; näischt fir vill nozedenken, mä och sou Filmer brauch een heiansdo.

Triple X mam Vin Diesel a Samuel L. Jackson den Owend um 20:15 op RTL II.