Déi aktuell Pandemie duerchdréngt all Liewensberäicher a mécht och virum Schlofzëmmer net Halt. Wéi dat ëffentlecht Liewen erofgeschrauft ginn ass, ass engem direkt déi Rou opgefall: kee Kaméidi méi vum Trafic, vill manner Fligeren um Himmel an am grousse Ganze vill manner méiglech Perturbatioun duerch Geräischer. Féiert dës Rou zu engem bessere Schlof oder suergt d'Corona-Kris fir Stress an domat verbonnene Schlofstéierungen?  D'Nicky Soisson mat de Resultater vun éischten Etüden aus der Schloffuerschung zanter dem Ufank vu Corona.

09122020 Albdreem a verstallte bannescht Auer

De Coronavirus huet d'Liewe vun deene meeschte vun eis an de vergaangene Méint staark verännert.

D'Resultater vun éischten Etüde souwéi d'Donnéeë vun Energieversuerger zu Stroum- a Waasserverbrauch weisen drop hin, dass vill Leit zanter Mëtt Mäerz moies e bëssi méi laang am Bett bleiwen. De Schlofrhythmus huet sech tëscht Enn Mäerz an Enn Abrëll éischter un eiser banneschter, biologescher Auer wéi u sozial Ufuerderunge wéi Aarbechtszäiten orientéiert. Dat hu Fuerscher vun der Uni zu Basel erausfonnt. 75 Prozent vun de Befroten, déi virun allem weiblech waren, hunn uginn bis zu ronn 50 Minutte méi laang ze schlofe wéi virdrun.

Vill Leit hunn elo wärend dem Homeoffice effektiv méi Zäit fir ze schlofe well de Wee op d'Aarbecht ewechfält. U sech jo éischter eng gutt Saach! 

Ma mir erënneren eis wuel och éischter un eis Dreem well mir dacks net méi knallhaart vum Wecker aus de Fiedere gerappt ginn. Wat awer net onbedéngt vu Virdeel ass! Virun allem well nieft de Schlofproblemer och d'Unzuel un Albdreem staark an d'Luucht gaangen ass.

An do wiere mir da bei den negative Verännerungen: 58% hätten iwwer méi eng schlecht Schlofqualitéit geklot, esou d'Christine Blume, Leederin vun dëser Etüd. Ganz kloer goung draus ervir, dass déi, déi sech méi staark belaascht fillen, manner gutt a manner laang schlofen. Kléngt logesch, och ganz ouni Virus! Ma enger representativer Forsa-Ëmfro an Däitschland no géing all 10. an der Pandemie méi schlecht schlofen a bei deenen, déi sech ganz vill duerch Corona gestresst fille souguer all 4.

Opgefall ass weltwäit awer och nach, dass vill Leit wärend dem 1. Lockdown méi spéit an d'Bett gaange sinn a Moies och méi laang geschlof hunn - do wou et ebe méiglech war. De Probleem bei dëser Situatioun wier deen, dass wann een zanter dem Ufank vun der Kris ëmmer méi spéit aschléift, dann ass déi bannescht Auer verstallt, déi am Prinzip engersäits genetesch an anerersäits duerch dat eegent Verhale gesteiert gëtt. Bestëmmte Signaler, wéi zum Beispill d'Dagesliicht, vermëttelen awer wéini et un der Zäit ass an d'Bett ze goen. Geet een awer zum Beispill wéinst deene bekannte Restriktiounen daagsiwwer manner eraus, da kritt déi bannescht Auer eventuell ze wéineg Dagesliicht a schonn ass eise ganze Rhythmus op der Kopp. 

Ma och wa sozial Signaler, wéi d'Kanner an d'Schoul bréngen oder sech an de Stau stelle goe fir op d'Aarbecht, ewechfalen, dann huet och dat en Afloss op eis agebauten Auer. An do schwätze mir elo mol nach guer net vun de Konsequenzen vun enger Infektioun mam Covid-19. Wat de Virus ugeet, sou kéint deen effektiv och nach eng Schëpp dropleeën an déi genetesch Regulatioun vum Dages an Nuetsrhythmus direkt beaflossen.