Sou vill Tipps et gi fir gutt op senger Aarbechtsplaz ze schaffen, sou vill Tipps ginn et dann och fir produktiv am Homeoffice ze sinn. D'Marie Gales, selwer zanter engem Joer och mol méi oder manner am Homeoffice huet e puer Tipps.

15/12/2020 Fit am Homeoffice

Ëmmer ass eppes, am Fréijoer a Summer hat een éischter Loscht fir dobaussen ze sinn amplaz bei sengem Pult dobannen ze sëtzen, ma elo am Wanter ass een zwar frou fir net an dat kaalt naass Wieder ze mussen an awer ass den Homeoffice net ëmmer einfach. Schonn s duerch déi méi däischter Joreszäit fillen sech der vill schlapp vun eis, obwuel een am Teletravail dach méi Schlof kritt. Déi Zäit an där een sech an d'Rei setzt an am Stau steet, fält jo wech, déi Zäit kann ee weider schlofen.

Ma hei wieren eng 6 Tipps  fir dem Aarbechtsalldag am HO, wéi ee jo och alt seet, Meeschter ze ginn:

Midd an ouni Undriff? Et kéint da sinn, datt Dir ze mann drénkt. Wien net genuch Flëssegkeet zou sech hëlt, deem kann dronke ginn, et kann ee Kappwéi kréien an och midd ginn. Huelt Iech dofir vir all Stonn e Glas Waasser ze drénken. Stitt och op fir d'Waasser sichen ze goen, sou kënnt anengems äre Kreeslaf a Schwong an dat deet ärem Kierper gutt.

Beweegung ass ideal, nach besser an der frëscher Loft. Domadder kritt äert Gehier Sauerstoff, dëst ënnerstëtzt d'Konzentrationskapazitéit an hëlleft och géint d'Middegkeet. Wien elo wierklech keng Zäit fënnt fir eraus, sollt op mannst e puer mol gutt lëften. A Coronazäiten souwisou.

Wéi wier et mat enger Taass Kaffi? Gëlt jo als Klassiker fir wakereg ze ginn, mä et sollt een et net iwwerdreiwen. Eng Tas Kaffi ass ideal fir nees zou sech ze kommen, ze vill Kaffi ka genee de Contraire bewierken. Méi ass hei ze vill a kann an engem Koffein-Crash mat Middegkeet a liichtem Nervekostüm landen.

Bei ville monotonen a routinéierten Aufgaben kann ee mol séier schléifreg ginn. Musek ass déi beschte Léisung an deem Fall, wie säi Gehier mat Musek versuergt, deem geet d'Aarbecht méi liicht vun Hand. Den Homeoffice ass déi beschte Plaz fir seng Liblingsmusek ze lauschteren, ouni dass ee meckert.

De Schlof ass och am Teletravail net aus den Aen ze loossen, obwuel ee méi tentéiert ass méi spéit schlofen ze goen. Ma just wien ausgeschlof ass, ka sech besser konzentréieren an effektiv schaffen.

  

Dir vermësst är Kolleegen am Homeoffice? Amplaz hinne just ze mailen, telefonéiert mateneen an duerch d'Videotelefonater kënnt Dir zesumme Kaffi drénken a e bëssi schnëssen.