
© pixabay
Eise Kierper produzéiert ganz effikass Substanze géint de Wéi, déi een Endorphinen nennt. Dës opiumaarteg Substanzen entstinn am Gehier an hiren Effekt ass mat deem vum Morphium ze vergläichen: si ënnerdrécken d'Péng. Wat kann een also maachen, fir den Niveau vun Endorphinen ze erhéijen? Majo, Michèle, déi einfachst Manéier ass…?
Laachen!!!
Dat ass fir eisen Organismus eng richteg kierperlech Übung: Fir d’éischt emol zitt duerch d’Laachen d’Zwerchfell (de Muskel tëschent Bauch a Broscht) sech zesummen, doduerch ginn d’Longen zesummen- an d’Loft erausgedréckt. Dofir ass et och esou, dass, wa mir vill laache mussen, d’Loft aus eisem Organismus eraus gepresst gëtt a mir eis vu Laachen diebelen.
Laachen huet awer nach vill aner Avantagen (opgepasst, d’Lëscht ass laang!). Laachen-
- reduzéiert de Bluttdrock
- verbessert d’Duerchbluddung an de Sauerstoffgehalt am Blutt, doduerch gëtt d’Häerz geschützt an d’Gefor vu kardiovaskulären Accidenter reduzéiert
- boost den Immunsystem andeems et d’Zuel vun den Immunzellen an den Antikierperen, déi d’Infektioun bekämpfen, eropsetzt an eis méi widderstandsfäeg géint Krankheete mécht
- ass e gudden Training fir d’Bauchmuskelen, d’Otemweeër, d’Gesiichtsmuskelen, d’Been an de Réck
- entspaant de Kierper a reduzéiert verschidde Stresshormone wéi Kortisol oder Adrenalin
- schützt virun Infektioune vun den Otemweeër
- verbessert d’Gediechtnes a fërdert d’Léieren (well d’Laachen all d’Partië vum Gehir stimuléieren)
- verbessert d’Kreativitéit an de Verhalt
- a fërdert eis sozial Kontakter!
Laachen ass gesond, da komm mir maachen dat méi dacks!