Iergendwéi huet een d'Gefill, dass et all Joer méi a méi, an och méi laang Zecken a Mustiken an anert méi krappegt, lästegt Gedéiesch gëtt. Spezialisten mengen de mëlle Klima wier Schold dorun dass et ëmmer méi Schueddéieren gëtt. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet sech an den Thema ageschafft an e puer Beispiller erausgepickt.

RTL

© dpa/AFP/Archiv/Martin Schutt

Zum Beispill gëtt et ewell all Summer eng richteg Invasioun mat de Raupen vum "Processionnaire du Chêne", deen soss bal verschwonne war. An der Lescht houschten Honn a Kazen och erëm well se de Longewuerm hunn. Wat ee Parasit ass, deen et hei och scho gouf. Awer net esou heefeg wéi an der Lescht. D´Bibbi, eng kleng Kaz aus engem Asyl, gouf an d´Consultatioun bruecht, well se op hirem Käppchen eng flaach Knupp hat, grouss wéi eng Sauboun a mat bluddege Kuuschten drop.

Hier Leit hu gefaart, et wier vun engem Sträit mat hirem ale Kueder Lou, well dee jalous op d´Déierche gewiescht wier. D´Plaz huet awer terribel gebass, wat infizéiert Kraz-a Bësswonnen net u sech hunn.

An de Lou an d´Bibbi ware bis dohin wuel op virsiichteger, mä och harmonescher Distanz zoueneen bliwwen. Mat enger spezieller Luucht gouf séier gecheckt, dass et net de Fuedempilz "Microsporon canis" wier, deen trotz sengem Numm éischter bei Kaze virkënnt a leider och un d´Leit geet.

05-01-2021 Deierentipp (1) - melle Klima ass Schold

Soss hätten d´Leit d´Déierchen um Enn nach hannescht an den Asyl bruecht?

Dat gesi mir ganz rar. Wéi hei och, huet een esou eng Kaz da scho vill ze gär fir se erëm hierzeginn. Just muss dann doheem awer e bëssen opgepasst ginn. Wéi sech erausgestallt huet, och wéinst dem Bibbi sengem Problem. A senger kuerzer mä wëller Vergaangenheet, hat déi kleng Kaz sech mat "Notoedres-Krätzmilben" ugestach, déi och hei am Land an der Lescht méi heefeg virkommen.

Et geet ëm e Parasit, deen an den ieweschten Couchen vun der Haut lieft an do Gäng grieft fir seng Eeër ze leeën. D´Ustiechen geet meeschtens iwwert direkte Kontakt. Well déi Milben et awer och bausst der Kaz bis 3 Deeg packen, kann eng Kontaminatioun och mat Saache passéieren, mat deenen d´Déier a Beréierung war. Mat "Akariziden", dat si Medikamenter, déi d´Milben futti maachen an déi ganz liicht iwwert Spot-on-Drëpsen ze gi sinn, ginn d´Kazen séier erëm gesond. Well allerdéngs d´Bibi déi guer net verdroen huet, gouf et vir e puer Deeg hospitaliséiert, an ënner Observatioun weider behandelt.

05-01-2021 Deierentipp (2) - Kraetz bei der Kaz