D'Feierdeeg sinn eriwwer, ënnert dem Beemche leie keng Kaddoe méi ma just nach dréchen Nolen. Ma wat mécht een dann elo mat engem Kaddo, deen ee krut awer net wëll oder souguer schonn huet? D'Julie Mathes mat e puer Iddien.

04/01/2021 Wat maache mat Kaddoen, déi een net wëll

Et ass jo meeschtens gutt gemengt ma heiansdo awer net gutt gemaach. Sou hu mer all Joer no de Feierdeeg dee selwechte Problem: Wat maache mat deem Kaddo, deen engem net gefält? Elo wou och nach d'Butteker zou sinn, ass et net sou einfach dat gutt Stéck ëmtauschen ze goen, ma fir et ewech ze geheien ass et awer och ze schued! Et ginn duerfir Alternativen.

Eppes wat een evitéiere soll, ass fir de Kaddo zeréck un Online-Giganten ze schécken. Meeschtens sinn dermadder héich Transportkäschte verbonnen an et ass gewosst, dass dës Saachen dacks op den Tipp fléien, well déi logistesch Käschten einfach ze héich sinn. Sou landen nei Kleeder, Rucksäck an aner fonkelnei Géigestänn einfach an der Poubelle.
Eng méi nohalteg Alternativ ass dofir zum Beispill de Kaddo ze verkafen, zum Beispill op Online-Plattformen wéi Ebay, Marketplace oder Rebuy. Eng aner Méiglechkeet ass fir sech op e Floumaart ze stellen an do seng Saachen ze verkafen. Dëst ass awer mat de momentane COVID-19-Mesüren net direkt méiglech, mee vläicht awer eng Iwwerleeung an noer Zukunft!

Online huet een och d'Méiglechkeet mat anere Leit Saachen ze tauschen. Et kann een zum Beispill Bicher oder Kleeder géinteneen austauschen a sou huet jiddereen eppes dovun.

Wann een engem anere weess eng Freed ze maache mat sengem Kaddo, ass natierlech mat déi schéinsten Optioun d'Weiderverschenken. Ob dat fir ee Kolleeg, ee Familljemember oder eng Spend fir déi Mannerbemëttelt ass, d'Weiderverschenken ass net nëmmen eng nohalteg, ma och nach eng generéis Alternativ.

Fir wat och ëmmer ee sech schlussendlech entscheet, alles ass besser wéi de Kaddo iwwer 20 Joer um Späicher verstëbsen ze loossen oder nach méi uerg en einfach ewechzegeheien.