Wann der deemnächst wëlles hutt en Tour iwwer de Stater Maart ze trëppelen, da mierkt Iech dass deen vun haut un op enger anerer Plaz ofgehalen gëtt. Zentral geleeën, tëscht der aler Post an dem Tramsarrêt Hamilius fënnt een déi éischt Stänn, an da geet et bis duerch d'rue Aldringen erop, a souguer bis en Deel vun der Groussgaass eran.

De Laurent Schwaller, Chef vum Service Espaces Publiques, Foires et Marchés bei der Stad Lëtzebuerg, huet sech zesummen mat senger Equipe déi leschten Wochen vill Gedanken gemaach, fir déi 30 bis 40 Stänn ze placéieren an d'Plaz optimal ze notzen.

13-01-2021 Stater Maart (1) Laurent Schwaller

Déi éischt Maartleit hunn de Moien vun 6h00 un mat hire Camionen a Camionnetten eng éischte Kéier en Tour iwwer déi nei Plaz gedréit an de Stand opgeriicht. Hier éischt Androck waren duerchaus positiv.

13-01-2021 Stater Maart (2) Maartleit

De Patrick Goldschmidt, de responsabele Schäffen mengt dass d'Alternative wuel eng kuerz Zäit brauch bis ee sech dru gewinnt huet, awer dann voll hiren Zweck erfëllt.

13-01-2021 Stater Maart (3) Patrick Goldschmidt

Blummen, Gewierzer, Pouleten, frëscht Geméis an Uebst, Hunneg an Drëppen waarden vun elo un zweemol d'Woch op d'Clienten, déi haut e bësschen hu missten sichen bis dass se hier Stänn erëmfonnt hunn.

13-01-2021 Stater Maart (4) Clienten