Béier a Waasser leien dacks net sou weit auserneen. Dat huet eise Live-Reporter Loïc Juchem de Moie ganz séier bei der Brasserie nationale gemierkt. Ma fir d'alleréischt wollt hie mol erausfanne wei de Béier dann iwwerhaapt gebraut gëtt. Dofir huet hien an de Produktiounshale vu Bofferding, Battin a Funk-Bricher no Informatioune gesicht.

Béier gëtt schonn éiweg gebraut an do gëtt och schonn éiweg déi selwecht Rezeptur benotzt. Just d'Technik huet sech ëmmer weider entwéckelt. An der Brasserie Nationale schaffen aktuell 30 Leit an de Recht mëscht eben d'Technik.

21012021 Brasserie Nationale Best of - 1

Ronn 7 Wochen dauert et bis mer de Béier also fäerdeg an enger Fläsch am Supermarché ze kafe kréien.

 

Zanter puer Méint kritt een och Waasser vun der Brasserie Nationale ze kafen. Lodyss heescht dëse neie Produit. Fir en op de Marché ze bréngen huet ee ganzer 8 Milliounen Euro an Equipement, Maschinnen, etc. missen investéieren. 

21012021 Brasserie Nationale Best of - 2

Um Schluss war de Loïc dann nach dobäi wei d'Fläschen agefëllt goufen an huet och gesi wei déi al Fläschen an enger riseger Spullmaschinn gewäsch gi sinn.

21012021 Brasserie Nationale Best of - 3