Iwwert laang Dauer Uerdnung bäibehalen mat der Akafstute-Method. D'Julie Mathes erkläert eis wéi dat geet.

07/01/2020 Wat ass d'Akafstute-Method?

Fir dass een nom nächsten Akafen och nach Plaz an der Wunneng huet fir déi nei Saachen, gëtt et eng ganz einfach a praktesch Method. D'Akafstute-Method funktionéiert esou, dass een einfach näischt mat heem bréngt ouni virdrun dee selwechten Undeel ausgemëscht ze hunn. Dat heescht éiert een akafe geet, iwwerleet een sech wat ee brauch a virun allem wat een net méi brauch fir sou Plaz fir eppes Neies ze maachen. Natierlech soll een déi Saachen, déi een net méi brauch net ewechgeheien mee éischter verkafen, verschenken oder beschtefalls spenden. An anere Wierder kann ee sou vermeiden eppes ze kafen wat een am Fong net brauch.

Et dauert e bëssen bis ee sech un de Prinzip vun dëser Method gewinnt huet. Am einfachsten ass et wann een eng Tut oder ee Sak huet wou een déi Saachen dra mécht, déi een net méi brauch an ee mat dësem Sak dann akafe geet. Sou evitéiert een net nëmmen zousätzlech Tuten a Verpakungen beim Akaf ze huelen, déi erëm Plaz anhuelen, ma et huet een och sécher genuch Plaz doheem fir Neies.

Probéiert et einfach eng Kéier, well och fir déi déi mengen et kéint ee sech vu verschidde Saachen net trennen, et kann ee sech vu méi Saachen trennen wéi ee mengt. Schliisslech kënnt et am Liewen op d'Mënschen an d'Erënnerungen un an net op Saachen déi ronderëm trëllen.