Besonnesch am Wanter hu vill Leit mat der sougenannter Wantermiddegkeet ze kämpfen. D'Deeg si méi kuerz, d'Sonn weist sech kaum an et fillt een sech schonn am Nomëtte schlapp a midd. De Loïc Juchem verréit eis wat een dogéint ka maachen a wéi ee mat vill Power duerch den Dag kënnt.

13012021 Geint Wantermiddegkeet

Ma schonn direkt Moies ënnert der Dusch kann een eppes ënnerhuele fir duerno frësch, motivéiert a gutt gelaunt an den Dag ze starten. Dofir sollt een d'Temperatur vum Waasser permanent changéieren an net just ënnert dem waarme Waasser stoe bleiwen. Dëse Wiessel vun der Waassertemperatur suergt nämlech dofir, datt de Kreeslaf a Schwong geréit an ,datt d'Duerchbluddung gefuerdert gëtt. Och eis Gehierzelle géingen esou schonn direkt Moies vill besser funktionéieren.  

Wichteg ass et och, datt ee reegelméisseg frëscht Waasser drénkt. Et ass e super Mëttel géint d'Middegkeet, well soubal de Kierper ufänkt ze dehydratéierte gi mer och automatesch midd. Ee grousst Glas Waasser an der Stonn kann engem schonn hëllefen, datt ee manner midd duerch den Dag kënnt. Am beschten, et stellt een sech d'Fläsch op d'Pult, da gëtt een och all Kéiers, wann een se gesäit, drun erënnert, datt ee soll eppes drénken.

Et gëtt jo och ëmmer gesot, datt de Café ee géing "pushen". Dat mécht de Koffein och, ma awer just fir kuerz Zäit. Duerno fillt een sech awer dacks nach méi midd. 

Nieft dem Gedrénks, spillt awer och d'Iessen eng wichteg Roll. Fettegt iesse mécht midd! Dofir soll een, wann een nëmme kann, och an der Kantin beispillsweis léiwer op d'Zalot zeréck gräifen, wei op de Burger mat Fritten. Nodeems ee fetteg giess huet, kënne mer eis och vill manner gutt konzentréieren. 

Nom Iessen emol eraus an d'frësch Loft trëppelen ze goe wierkt Wonner! Huet een dann awer emol ze fetteg giess, da soll een de Kierper awer mat frëscher Loft verwinnen. D'Gehierzelle kréien nei Energie an duerno kann ee vill besser duerch den Nomëtte kommen. 

Net ëmmer méiglech, awer richteg gutt. Powernapping suergt fir nei zousätzlech Energie. Méi laang wei eng hallef Stonn sollt d'Mëttesrascht awer net daueren, soss kéint ee mol an eng Déifschlof-Phase geroden an dann dauert et éiweg bis een nees op Toure kënnt. Dernieft kënnt een dann och Owes net méi sou gutt un an den Dag drop ass een dann alt erëm midd.

 
Iwwerhaapt sollt een drun denke genuch wärend der Nuecht ze schlofen. An der Moyenne sollt en Erwuessenen tëscht 7 an 8 Stonn d'Aen zou hunn.