Bei Stäreschnäizen soll ee sech eppes wënschen, heescht et ëmmer. Bei deem Sujet deen d'Romi Roth haut matbruecht huet wënscht ee sech einfach dass d'Krankheet séier festgestallt a behandelt gëtt. De Numm kléngt nämlech harmlos a mysteriéis, awer et soll ee se bei de Kanéngercher net op déi liicht Schëller huelen - d'Stärekuckertkränkt.

RTL

© AFP/Archives/Johannes Eisele

Den Eumel, e wonnerschéine Kanéngerchersbéckchen vun der Rass "Seidenzwerg", ass an d´Consultatioun komm well hien schonn e puer Deeg näischt méi gefriess a gedronk hat a sech och ganz komesch behuele géif. Dee butzege Rammler huet sech an engem Stéck wéi en Tirebouchon ëm seng eege Längsachs gedréint. D´Krankheetsbild war duerch den Transportstress nach méi schlëmm ginn, doheem hat hien bis dohinner awer och schonn de Käppchen ganz komesch an heiansdo wéi wann hien den Himmel kucke wéilt gehale. Dat Symptom, och nach Kanéngerchersschiefhals genannt, kann vun e puer Ursaache kommen: Parasiten, Tumeuren, Abcésën vum  Gehier, Mittelohrentzündungen an traumatesch Situatiounen um Kapp an um Hals. Déi heefegst Ursaach vun däer Stärekuckertkränkt ass awer eng sou genannt Enzephalitozoonos, eng Gehierentzündung duerch ee Keim mam komplizéierte Numm Encephalotozoon cuniculi, ofgekierzt E. cuniculi

14-01-2021 Romi Roth Staerekuckert Ursaach

An Zoonos...dat géif jo heeschen, datt et och fir d´Leit ronderëm esou ee krankt Déierchen kënnt geféierlech ginn?

De Keim ass net terribel ustiechend, mä et ass ganz sécher awer och net, fir eng Kanéngchen mat der Stärekuckertkränkt duerch den E. Cuniculi mat hirem Käfeg an e Kannerzëmmer  oder an d´Géigend vun immungeschwächte Leit ze stellen. Well den Eumel zanter Joren just am Haus a géint eise Rot och ganz eleng gehaal gëtt, froe seng Leit elo sech natierlech, wéi hien sech dann ustieche konnt. Mä vill Kanéngercher droen och dee Keim jorelaang mat sech ronderëm, ouni krank ze ginn. Bis den Immunsystem emol méi schlecht ass an d´Stärekuckertkränkt dann ausbriechen kann. Nach net laang hier gouf bei där Krankheet ganz séier euthanaséiert. Bis an der Lescht fonnt gouf, dass mat enger séier ugesater Behandlung  mam Antiparasitemëttel "Fenbendazol" a mat engem Antibiotique, Medikamenter géint d´Entzündung an dem Vitamin B Komplex déi Pathologie och geheelt gi kann. Besonnesch séier an ouni Recidiven ginn d´Kanéngercher gesond, wa se och an engem neurologesche Schounregime, dat heescht kill, däischter a ganz roueg gehale ginn.

14-01-2021 Romi Roth Staerekuckert Behandlung