Tai Chi ass elo UNESCO Weltkulturierwen, wouriwwer sech d'Chinese freeën. Et ass nämlech e wichtege Bestanddeel vun hirer Kultur. Julie Mathes.

14012021TaiChi

Den Tai-Chi, deen am Chineseschen als taijiquan ('taï-dzi-tsuane') bekannt ass, an och nach dee flotte Spëtznumm vum "Schattenboxen" dréit, ass Mëtt Dezember 2020 vun der Unesco op d'Lëscht vun immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet gesat ginn. Dëst ass eng weider grouss Etappe fir déi international Unerkennung vun der Chinesescher Kultur, nodeems schonn d'Kalligraphie, d'Oper zu Peking oder och nach d'Akupunktur vun der Unesco unerkannt gouf.

Déi Joerhonnerten al Kampfkonscht, déi am Ufank fir d'Schluechtfeld geduecht war, gëtt haut awer gréisstendeels als physeschen Exercice, oder och nach als liicht Gymnastik ugesinn. Den Tai-Chi gëtt a China vu vill Leit egal a wéi engem Alter praktizéiert, an dat aus verschiddene Grënn. Déi eng maachen et als Zort vu Selbstverdeedegung, déi aner aus gesondheetleche Grënn. Tai-Chi soll nämlech net nëmmen de Kierper stäerken, mee och d'Kierperhaltung an d'Deenbarkeet verbesseren. E weidere Virdeel vum Tai-Chi: E soll anscheinend méi schéi maachen. Dat versprécht op alle Fall mol den Tai-Chi Meeschter Wang Zhanjun vu Peking. Hien erkläert, dass dëst bedéngt ass duerch d'Praktizéieren vu Sport, mee och well een duerch den Tai-Chi seng Ootmung besser geréiert an doduerch de Bluttsauerstoffgehalt klëmmt.

Den Tai-Chi ass keng eenheetlech Disziplin. Et gi vill verschidde Varianten, sougenannte "Schoulen" vum Tai-Chi, déi oft duerch den Numm vun engem Stamm oder engem Clan identifizéiert ginn a sech duerch ënnerschiddlech Übunge vuneneen ënnerscheeden. Am Westen ass déi beléiftsten Variant de Style "Yang", deen een u senge luesen a kreesfërmege Beweegungen erkenne kann. Am Géigendeel, zeechent sech d'Variant "Chen" duerch méi flénk an abrupt Mouvementer aus.

Och wa vill Competitiounen am Tai-Chi hautdesdaags organiséiert ginn, ass dës Kampfkonscht, vläicht grad wéinst der Diversitéit u Stylen, nach net als olympesch Disziplin unerkannt. Den Tai-Chi kéint awer zum Beispill géint de Corona hëllefen. D'Praktizéieren vum Tai-Chi stäerkt nämlech net nëmmen eise Kierperbau, mee och eisen Immunsystem, eist Häerz an eis Longen, wat eis jo an dëser Zäit nëmmen ze gutt komme kann.