Kaum ee Beräich ass vun der Corona-Kris sou staark betraff wéi dee kulinareschen. Dat soll natierlech och eist Iessverhale beaflossen. Aplaz sech da mol séier bis an de Restaurant ëm den Eck un den Dësch setzen ze goen, heescht et elo erëm selwer Hand uleeën. De "Food Report 2021" weist wouhinner d'Trends a Punkto Iessen dëst Joer ginn...d'Nicky Soisson huet sech déi Wichtegst fir Iech erausgepickt!

13012021 Nei Foodtrends

Déi éisträichesch Ernärungswëssenschaftlerin Hanni Rützler analyséiert säit 2003 Trends, Entwécklungen an Zukunftstheme fir "Food a Beverage". An hirem grousse "Food Report 2021" erkläert si ënner anerem wéi eng Trends enorm un Tempo gewonnen hunn, wéi eng brutal ausgebremst goufen an op wéi eng Food-Trends mir eis freeën däerfen. Hei déi wichtegst Trends kuerz zesummegefaasst:

Meet Food

Ëmmer méi Leit wëlle Liewensmëttel net nëmme verbrauche mee och erliewen. Esou steet et mol am "Food Report 2021". Dat huet domat ze dinn, dass Konsumente genee wësse wëllen wou d'Liewensmëttel hierkommen a wéi se produzéiert ginn. D'Brout beim Bäcker, d'Fleesch beim Metzler oder d'Geméis direkt um Bauerenhaff oder um Maart kafen, dat gëtt 2021 nach méi wichteg wéi déi lescht Joren.

Ghost Kitchen

Mat der léiwer Wiertin oder der sympathescher Serveuse déi Iech den Teller op den Dësch stellt wier et, wann een deem Report da gleewe kann, anscheinend deemnächst eriwwer. An der Kiche brutzelen 2021 ëmmer méi dacks Leit déi mir ni zu Gesiicht kréie wäerten - zimmlech gespenstesch - dofir och de Begrëff "Ghost Kitchen". 

D'Onsécherheet an der Gastronomie hätt effektiv als Konsequenz, dass sech ëmmer méi Betriber dofir entscheede ganz op "Take away" oder "Delivery" ze setzen - Restauranten mat Sëtzplaze géingen deemno ëmmer méi dacks verschwannen.

Soft Health

Eng gutt Noriicht fir Genéisser: ënnert dem Food-Trend "Soft Health" versteet een e méi eenheetlecht Verständnis vu gesonder Ernärung, déi net méi haaptsächlech op Närstoffer a Kalorien bezunn ass.

Aplaz eenzel Liewensmëttel aus dem Menü ze sträiche well se als ongesond gëllen, setze Fuerscher elo op Equiliber an Diversitéit. Bei dësem Trend géing et ëm Iesse mat engem héijen Undeel u Geméis, Legimunosen a Kären goen. Dat hu mir anscheinend awer och elo well ganz gutt drop, well frëscht Uebst war no den Nuddelen a Konserven dat meescht verkaafte Liewensmëttel an der Kris. 

DIY Food a Gourmet Gardening

Fir d'éischt goufe mir duerch de Lockdown, duerch d'Restauranten déi hu missten zou maachen an den Homeoffice dozou gezwonge méi ze kachen a vläicht och eis eege Kraider, Geméis oder Uebst um Balcon oder am Gaart unzeplanzen. Ma elo hätte wuel vill Leit Freed un der Aarbecht an der Kichen an un der Gaardenaarbecht kritt a wëllen hier nei Hobbyen och 2021 weiderféieren.