D'Kinoe ginn erëm op.

Eleng um Kierchbierg am Kinepolis huet een de Choix tëscht 11 Filmer. Dorënner och déi dänesch Produktioun Drunk. Kléngt op den éischte Bléck witzeg, entwéckelt sech awer zu engem Drama. De Martin ass Proff op enger High School. Hie fillt sech al a midd. Seng Schüler an och d'Eltere vun deene wëllen datt hie gekënnegt kritt, fir eng besser Moyenne ze kréien. Encouragéiert duerch eng Promill-Theorie stierze sech de Martin a seng 3 Kolleegen an en Experiment fir den Alkoholkonsum am Alldag konstant ze halen. Wéi gesot, am Ufank witzeg; ma d'Auswierkunge loossen net all ze laang op sech waarden.

Wann dir Loscht op Kino hutt, vun haut u geet et nees, eventuell mat Drunk, de Film leeft um 19:30 am Kinepolis Kierchbierg, op dänesch mat franséischen Ënnertitelen.