Foodsharing Lëtzebuerg a.s.b.l. besteet aus fräiwëllege Memberen, déi sech éierenamtlech géint d’Liewensmëttelverschwendung asetzt. Eleng zu Lëtzebuerg landen all Joer 124 Kilo pro Persoun an der Poubelle. An dëse Liewensmëttel stiechen allerdéngs wäertvoll Ressourcen, Aarbechtszäiten sou wéi oft wäit Transportweeër a Suen; Michèle Schons?

27012021 Foodsharing Letzebuerg

Andeems Foodsharing Lëtzebuerg dës Liewensmëttel retten, wäertschätzen a verwäerten, ginn se hinnen eng zweet Chance. E Foodsharing Point ass een ëffentlechen Uert fir Iesse vu Privat- zu Privat-Persoun ze deelen a besteet normalerweis aus engem Frigo an engem Regal. Hei kann een huele wat ee wëll, an draleeë wat een net brauch.

RTL

© foodsharing.lu

Wa bei engem Restaurant oder Café, wéinst den aktuelle Mesurën, Liewensmëttel net méi verwäert kënne ginn, braucht een se net fort ze schmäissen. D'Liewensmëttelretter/inne kommen se gäre siche fir se iwwert de Reseau ze verdeelen.

Foodsharing rette Liewensmëttel virun der Poubelle a verdeelen dës gratis un all Mënsch egal a wéi enger finanzieller oder sozialer Situatioun en sech befënnt.

RTL

© foodsharing.lu

Wa Liewensmëttel e bësse kromm a schif sinn, eng Téitsch, oder komesch Faarf hunn oder einfach laanscht hire Mindesthaltbarkeetsdatum laanscht sinn, heescht dat nach laang net dass een dëst net méi iesse kann. Ganz vill Liewensmëttel goufe vu verschiddene Supermarchéë gespent déi dës soss ewechgehäit hätten. Hei kommen dann d'Distribution Days wéi geruff. Déi ginn et op 3 Platzen: Duelem bei Garnech, Beefort a Jonglënster. D'Datumer fannt der online um Site Foodsharing.lu.

Stéiert iech d’Liewensmëttelverschwendung? Wëllt der gär méi iwwert Foodsharing wëssen? Oder wëllt der gär wëssen wat der géint déi onnéideg Verschwendung vu Liewensmëttele maache kanns?
Foodsharing Luxembourg invitéiert iech dofir op dat nächst Online-Informatiounstreffen. Muer den Owend vu 7 bis 8.