Den Dan Spogen hat sech fir gëschter Owend 3 ongewéinlech Invitéen an d'Sendung geruff. De leschte Lompekréimer aus dem Land, eng Textildesignerin déi et op Berlin verschloen huet, an en Acteur dee reegelméisseg vun 3 Mio a méi Leit op der däitscher Televisioun a Krimien de Banditten d'Handwierk leet.

De Pierre Liébaert ass dee leschte Lakert an huet sech mat 80 Joer an engem Buch veréiwegt.
"Vum Lompenhandel zum Recycling Center" erzielt seng Geschicht an déi vun senger Famill. Schonn am 5ten Schouljoer huet hien houfreg dem Inspekter gesot dass hien Lompekréimer wëllt ginn. Spéider huet hien sech um Sennengerbierg installéiert. Memorabel sinn e Referendum vun der Gemeng, an déi 68 Deeg Hongerstreik am Februar 1991

23-01-2021 LIVE (1) Pierre Liebaert

De Gerd Silberbauer war d'Gesiicht vun der SOKO München an en Donneschdeg spillt hien zu Maarnech am Cube "Extrawurst". 1978, no der Schauspillschoul huet den Acteur vill Theater gespillt. Bis 1990 war hien um Bochumer Schauspillhaus, ier hien éischt Rollen op der Tëlee ugebuede krut. Am "Tatort", "Der Landarzt" oder "Ein Fall für zwei" war hien ze gesinn. Den 29. Dezember 2020 war d'Finale vun der SOKO München mat excellenten Quoten.

23-01-2021 LIVE (2) Gerd Silberbauer

d'Sarah Meyers ass Textildesignerin a kennt sech aus mat Dekoratioun. Am Lockdown sicht si zu Berlin no Inspiratioun.
Déi 33 Joer jonk Fra experimentéiert am Glas, Plastik, Holz, Metall a mat Keramik. Zesummen mam Laura Fügmann, déi se op der Schoul kenne geléiert huet, huet d'Sarah sech en Numm gemaach. Bei "De Mains de Maîtres" konnt ee Wierker vun hir bewonneren an 2017 gouf et fir d'Sarah de "Luxembourg Design Award".

23-01-2021 LIVE (3) Sarah Meyers