Dacks ass een um Büro ofgelenkt oder et kritt ee sech net richteg Konzentréiert. Dorënner leit net nëmme Produktivitéit, et ass een allgemeng och méi onglécklech. Et ginn e puer einfach Methode mat deenen een dat verbessere kann.

11012021 Tipps fir mei Konzentratioun

Et mengt een ëmmer dass Multitasking déi richteg Aart a Weis ass fir ze schaffen. Aus enger Stanford-Etüd aus dem Joer 2009 geet ervir dass genee dat net esou ass. Leit déi un direkt e puer Saache gläichzäiteg schaffe si méi ufälleg fir irrelevant Saachen. Se gi vun allem ofgelenkt. Am beschten ass et, eng Saach no der anerer ze maachen.
Wien besser bei der Saach wëll sinn, dee kann et mat meditéiere probéieren. 20 Minutten den Dag solle schonn duer goen dass ee sech manner aus der Rou brénge léist. An e puer Fäll huet d'Uni vu North Carolina, déi dës Etüd realiséiert huet, souguer erausfonnt dass Leit méi glécklech waren.
Dacks gesäit ee vu lauter Dossieren d'Aarbecht net méi. Et verléiert ee séier den Iwwerbléck. Hei ass et wichteg sech richteg z'organiséieren. Fir wéini muss wat gemaach sinn. Eng Todo-Lëscht wierkt hei wonner. Wie seng Aarbecht plangt an eng no der anerer mécht bleift méi fokusséiert.
Musek spillt och eng wichteg Roll. Keng Musek soll am beschte fir d'Konzentratioun sinn. Aner Etüde sinn anerer Meenung. Musek jo, awer ouni Gesang. D'Musek soll am beschten un dat wat ee grad schafft ugepasst sinn. Kanner déi jäizen oder de Kaméidi vun der Strooss reegen de Stresshormon Cortisol un wat e gewëssene Stress opbaue kann. Dorënner leit dann Konzentratioun.
Interessant gëtt et bei der Pomodoro-Method. Hei deelt e sech seng Zäit an. Et gëtt 25 Minutte laang geschafft. Duerno mécht ee 5 Minutte Paus. No 4 Intervalle kann een da méi laang Paus maachen. Ëm 15 - 20 Minutten. Dës Method soll engem hëllefen de Fokus net aus den Aen ze verléieren.
Wat och net klappe kann ass, wann een um 2 Auer nuets an Bett geet a mueres schonn um 7 erëm um Büro wëll sinn. Wien en decke Pensum huet, dee soll dofir suergen dass en op mannst 7 - 8 Stonne Schlof kritt. Eng Nuecht ouni Schlof ass wéi ee Promill Alkohol am Blutt.