Vegaant Lieder ass mëttlerweil richteg am Trend. Ma och wann et vegan ass, heescht dat net direkt, dass et och nohalteg ass. D'Julie Mathes erkläert wat hannert dësem Trend stécht.

12012021 Vegaant Lieder ass net onbedengt nohalteg

Lieder, dat als vegan bezeechent gëtt, heescht am Fong nëmmen dass et fräi vun Déiereproduiten ass. Och wann dëst etheschen Iwwerzeegungen entsprécht, well vegaant Lieder net aus der Haut vun den Déiere gewonne gëtt, ass dëst Lieder awer net onbedéngt nohalteg.

Vegaant Lieder kann entweder aus planzlechen oder aus kënschtleche Rostoffer hiergestallt ginn. Dat kënschtlecht Lieder, dat aus Plastik gemaach ass, ass zwar an engem Sënn vegan, ma ass awer alles aneres wéi ëmweltfrëndlech. Wéi déi meescht wëssen, gëtt nämlech Äerdueleg benotzt fir de Plastik hierzestellen an duerfir ass dat kënschtlech Lieder am Géigendeel ëmweltschiedlech a voll mat chemesche Stoffer.

An Zukunft sollen awer ëmmer méi Hiersteller vegaant Lieder aus Planze produzéieren an esou sech an eng méi nohalteg Richtung beweegen. Et ginn hei schonn eng Rei vun Iddien, wéi zum Beispill, de Sneakerlabel Veja, deen e Modell aus Mais-Lieder erausbruecht huet oder Hugo Boss, déi Schong aus Ananas-Lieder produzéieren. Eng aner nohalteg Alternativ aus der Natur ass Desserto-Lieder. Dëst gëtt aus Kaktus gemaach an ass esou och komplett vegan. De Virdeel vun dësem Lieder ass, dass et bal identesch ausgesäit wéi richtegt Lieder. Donieft ass et ootmungsaktiv, robust a flexibel. En plus gëtt den Desserto Lieder mat ganz wéineg Waasser hiergestallt, well ee Kaktus jo bekanntlecherweis kaum Waasser brauch.

Deen neisten Highlight an domat déi villverspriechendst Alternativ zum kënschtleche Vegan-Lieder ass awer de Mylo-Lieder, deen aus der Wuerzel vun de Champignonen gewonne gëtt. Den Erfolleg vun dëser Variant kënnt virun allem duerch d'Ënnerstëtzung vu grousse Marken, ewéi Stella Mc Cartney, Adidas a Kering, déi alleguer vill an dës Lieder-Materialien investéieren. 

Wéi bei allem, soll ee sech einfach bewosst sinn, dass déierefrëndlech net direkt nohalteg muss sinn. Och hei gëllt et sech ze informéieren wat genau dohannert stécht éiert ee sech esou ee Produit keeft.