Fakt ass, eeler Leit sinn dacks eleng. Et fänkt schonn domat un, datt wann een an d'Pensioun geet, dacks de Kontakt mat den Aarbechtskolleege verluer geet. Och d'Corona-Krise dréit dozou bei, datt vill eeler Leit ëmmer méi eleng sinn. Fuerscher sinn op der Sich no Léisungen a genee do kënnt elo ,,d'Augmented Reality'' an d'Spill. De Loïc Juchem mat den Detailer.

05-11-2020 Mat Augmented Reality geint d'Elengsinn am Alter

Augmented Reality bedeit erweidert Realitéit. Dat gëtt et schonn a verschiddene Beräicher an eisem Liewen, zum Beispill am Futtball. Hei gëtt domat zum Beispill mat Hëllef vun enger Linn d'Distanz vun engem Fräistouss ugewisen, oder Miwwelhaiser bidde Funktiounen an Apps u wou een sech d'Still virtuell an engem seng Stuff stelle kann. Sou kann een da kucken, op d'Miwwelen dann och effektiv passen.

Dësen neie Projet vun der Technischen Universität Ilmenau nennt sech  CO-HUMANICS. Et wëll ee mat der erweiderter Realitéit a Roboter an de nächste 5 Joer dru schaffen Dokteren, Infirmièren an och Familljen-Memberen an d'Ëmfeld vun den eelere Leit ze projezéieren. D'Leit gi souzesoen zougeschalt an awer wier et net mat enger normaler Videokonferenz ze vergläichen. Am Idealfall soll ee souguer mengen d'Persoun géing nieft engem stoen. Dobäi hëllefe solle Brëller, wou déi eeler Leit hier Ëmgéigend erkennen an awer och déi projezéiert Persoune gesinn. Mir kéinten also effektiv geschwënn projezéiert bei der Bomi um Dësch sëtzen.

De Verantwortlechen no ass do natierlech nach Loft no uewen. De Brëll wier en éischten Usaz, et géing een dofir och alles direkt testen. Eng Partie Gruppe vu Seniore sinn och am Entwécklungsprozess mat agebonnen.

Dës Co-Presenz soll de mënschleche Kontakt net ersetzen, mee se soll e stäerken. Zemools wa Leit méi weit vun eneen ewech wunnen, da kann d'Erweidert Realitéit eng Hëllef si fir awer a Kontakt ze bleiwen.

Dacks geet et awer net nëmmen duer fir ze schwätzen, heiansdo brauch een och eng Hand déi engem hëlleft. Dowéinst sollen eeler Leit e Roboter zur Säit gestallt kréien. Dëse soll zum Beispill an der Lag sinn, de Leit ze hëllefen technesch Apparater ze notzen. Um Roboter soll ee spéider och d'Gesiicht vum Gespréichspartner erkennen.

Et geet drëms, datt eeler Leit mat Hëllef vun Augmented-Reality a Roboter besser mat hire Léifste kommunizéiere kënnen an si och méi Hëllef am Alldag kréien.