Masken gehéieren mëttlerweil zu eisem Alldag. Et gi se a verschidde Gréissten a Faarwen. Déi eng wëllen domadder opfalen, déi aner sinn éischter Fan vun engem méi dezentem Modell.  Ee japaneschen Autoskonstrukteur ass elo op eng ganz speziell Masken-Idee komm.

11/01/2021 Eng Mask fir den Auto 16h40

Riets geet vun der Mark Honda. Kurumaku heescht nämlech där hire neister Filter fir d'Autoen. E Produit, deen op de Filter gesat gëtt an d'Viren soll ofhalen. Et soll fonctionnéieren wéi eisen Mond-Nues-Schutz, mam Ënnerscheed dass den Auto keng Mask unhuet, mä de Filter eben integréiert ass. De Konstrukteur selwer deelt mat, dass de Produit et fäerdeg bréngt, d'Virendrëpsen opzefänken an dat duerch seng speziell Uewerfläch. Honda seet, dat wier e chemesche Prozess deen do géif gräifen, eng sougenannt Zénkphosphatéierung, ähnlech wéi déi di genotzt gëtt fir Rascht ze verhënneren.

Souguer Viren déi am Auto ronderëm fléien géifen doduerch zerstéiert ginn. 99,8 Prozent vun deenen mengt de Konstrukteur, an dat 15 Minutten nodeems een d'Lüftung ugemaach huet. Déi Drëpsen dierfen dann net méi grouss sinn wéi 0,3 Mikrometer.

Den neie Filteropsaz hält awer net éiweg. E muss no engem Joer oder no 15.000 Kilometer ausgetosch ginn. De Supplément ass fir d'éischt nëmmen an Autoen ze fannen déi a Japan produzéiert ginn, aner Modeller dierften dann nokommen. E kascht 50 Euro. Ob ee säin eelere Modell och domadder kann equipéieren ass den Ament nach net gewosst.

Mol kucken wat dann do nach fir Modeller nokommen a wéi laang sech déi Technologie hält, wann iwwerhaapt.