Déi eng leie gär op der Säit, déi aner schlofe léiwer um Réck. Ma net ëmmer ass déi Positioun, déi mir am léifste fir ze schlofen anhuelen och gutt fir eis - am Géigendeel, Nicky Soisson, se ka sech souguer negativ op eis Gesondheet auswierken. 

19012021 Des Schlofpositioune schueden eiser Gesondheet

Eng wichteg Energiequell, déi eis dagdeeglech undreift ass e gesonde Schlof. An trotz där Nuetsrou fille sech vill Leit Moies net erholl - Grond dofir wier anscheinend dacks eng schlecht Schlofpositioun. 

En heefegt Beispill ass d'Positioun vum Fötus: änlech wéi d'Positioun vum Kand am Bauch vun der Mamm läit een hei zesummegerullt, d'Knéien un de Kierper gepresst an de Kapp Richtung Broscht gebéit. Och wann dëst deem een oder aneren e Gefill vu Sécherheet a Gebuergenheet vermëttelt, ass dës Schlofpositioun mat Virsiicht ze genéissen. Hei kritt een nämlech nawell gären den Réck wéi a Verspanungen well d'Wierbelsail ze staark gebéit ass. 

Den däitschen Innungskrankenkassen no schlofen ongeféier 68 Prozent vun de Leit am léifsten op der Säit - op wéi enger Säit ass egal. Dobäi spillt d'Richtung awer eng wichteg Roll: schléift ee léiwer op der rietser Säit, da kritt een nawell gären de Soud a Problemer mam Mo. Op der lénkser Säit deet ee sengem Häerz näischt Gutts. Ma de grousse Virdeel vun där Positioun ass awer, dass de Réck entlaascht gëtt. 

Leit, déi um Bauch schlofen, wiere méi rar an dat huet och seng Grënn: ënnert anerem well een nawell gäre gutt de Réck wéi kritt, wann ee laang esou läit. Dobäi kommen dann nach Problemer mat der Nuque, well de Kapp beim Schlofen op d'Säit gedréit gëtt. An et kritt een och net wierklech esou gutt Loft, sou um Bauch - dat dierft dann och den Haaptgrond si firwat nëmmen ëm déi 17% vun de Leit um Bauch schlofen.

Wien natierlech net feelen dierf, sinn déi, déi um Réck schlofen - déi iwwregens liicht um Schnaarchen ze erkenne sinn! Op den 1. Bléck schéngt dës Positioun zwar gutt fir de Réck ze sinn, dass se awer seriö gesondheetlech Auswierkunge kann hunn, ass nëmme wéinege bekannt. D'Verengunge vun den Otemweeër, déi fir de Concert nuets responsabel sinn, kënnen heiansdo souguer dofir suergen, dass den Otem ganz aussetzt. Hei soll een deemno oppassen - virun allem wann een eleng schléift an net vun engem Partner drop opmierksam gemaach ka ginn.

Schéin a gutt, mee wann all Positioun Risike mat sech bréngt, musse mer eis dann elo all ophänke wéi d'Fliedermais fir gutt ze schlofen?

Ma hei wier et da wéi sou dacks: D'Mëschung mécht et. Deemno gëtt geroden d'Schlofpositioun méi dacks an der Nuecht ze wiesselen. Wéi Etüden beleeën, soll dat dozou bäidroen, dass ee sech méi ausgeschlof fillt.

Wat een natierlech och net ënnerschätze soll, ass d'Wiel vun der richteger Matrass an deem richtege Këssen. Well ouni déi kënnt Dir Iech nach sou oft wenzelen an der Nuecht, Dir wäert trotzdeem ëmmer geriedert erwächen.