D´Société des naturalistes luxembourgeois an den 'natur musée' invitéieren an Zesummenaarbecht mat de Partnerorganisatiounen Association des Biologistes Luxembourgeois, Administration de la nature et des forêts an de Frënn vum 'natur musée' och haut op eng Videokonferenz aus der Serie: Trefft d'Naturalisten.

Ëm 20:00 geet et ëm d'Muschelkriibsen; Interessantes iwwer hire Kierperbau, hir Ekologie, hir Liewensweis an hir Evolutioun. De Virtrag dauert 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch. D'Zil ass verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d´Aartevillfalt ze begeeschteren, awer och op den Aarteverloscht opmierksam ze maachen. D´Virträg ginn op Lëtzebuergesch gehalen. Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech fir all eenzel Konferenz umellen. D'Zuel vun de Participante pro Videokonferenz ass op maximal 100 begrenzt.