Déi lescht Deeg goufe mir nawell gutt mat Schnéi verwinnt an dëst huet vill Leit eraus an d'Natur gelackelt. Sief et fir spadséieren ze goen, mam Schlitt ze fueren oder e Schnéimännchen ze bauen. Quasi e Must fir Grouss a Kleng. An esou gesäit een dann an der Wanterméint ëmmer nees déi flottsten Interpretatioune vum Männche mam decke Bauch an der oranger Nues. Ma wousst Dir, dass et mëttlerweil de Weltdag vum Schnéimännche gëtt? Nicky Soisson.

18012021 Weltdag vum Schneimaennchen

Haut um 18. Januar ass effektiv den Dag - de Weltdag vum Schnéimännchen.

Am Mëttelalter war esou eng Figur nach total onbekannt. Déi eelst literaresch Beweiser fir Skulpturen aus Schnéi sinn aus dem 16. Joerhonnert, zum Beispill beim Shakespeare. Populär gouf de Schnéimann eréischt am 18. Joerhonnert. 1770 erschéngt en déi éischt Kéier an engem Kannerlidderbuch vum Christian Felix Weisse (1726–1804) zu Leipzig. Al Biller, wéi d'Gravur vum Daniel Chodowiecki, weise Representatioune vum him als personifizéierte Wanter an enger éischter bedrolecher, iwwerdimensionaler Form mat engem grausamen Ausdrock an engem Biesem.

Am 19. Joerhonnert huet d'Astellung zum Wanter dunn awer no an no geännert. Iwwerdeems een dës Saison bis dohinner als e puer Méint voller Privatioune gesinn huet, déi ee wuel oder iwwel iergendwéi huet missten iwwerbrécken, huet een ugefaangen och déi flott Säite vun där wäisser kaler Couche ze entdecken. Op bildlechen Duerstellunge vum Wanter fënnt een elo ëmmer méi dacks Schnéimännercher, Schlitter a Leit, déi Schlittschong fueren. D'Form vum Schnéimann gouf méi sphäresch, seng Erscheinung vill méi frëndlech. Ëm 1900 koumen och Schnéimännercher als Figuren fir de Chrëschtbeemchen fir d'éischt op.

Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Bild vun dësem frëndleche Wantersymbol och immens staark vun der ëmmer méi grousser Popularitéit vu Postkaarte beaflosst. D'Editeuren hunn de Schnéimännchen effektiv als Motiv fir Chrëschtdag an Neijoschtdagsgréiss entdeckt. Ëm déi selwecht Zäit huet d'Reklammenindustrie och ëmmer méi de Schnéimännchen fir seng eegen Zwecker benotzt.

Zréck zum Datum: firwat grad den 18.? Ma d'1 erënnert un d'Form vum Biesem an d'8 un de Kierper vum Mann mam ronne Bäichelchen. A firwat deen Dag grad am Januar gefeiert gëtt, läit och zimmlech op der Hand: ëm dës Zäit ass et normalerweis kal genuch fir dësen Dag ze feieren.

A well och de Schnéimännche mat der Zäit geet, huet hien oder besser gesot dësen Dag souguer seng eegen Internetsäit. Op

gitt Dir effektiv méi iwwert dëse coolen Typ gewuer!