Mam Wiessel am Wäissen Haus wäert net nëmmen en neien US-President eraplënneren, mee och eng nei First Lady. Wien déi staark Fra hannert dem Joe Biden ass, verréit Iech d'Nicky Soisson.

20012021 Dei nei First Lady

Iwwert d'Relatioun tëscht dem geschwënn Ex-President Donald Trump a senger Fra Melania ass an de leschte Jore vill spekuléiert ginn. Beim neie President an der neier First Lady Jill Biden dierft dat éischter net de Fall sinn: déi 2 sinn zanter méi wéi 4 Joerzéngten onzertrennlech.

Den deemolege Senateur an déi gescheeten Engleschproff hu sech 1977 bestuet. 5 Joer virdrun hat de Biden seng éischt Fra d'Neilia a seng Duechter Naomi bei engem Autosaccident verluer. Déi 69 Joer al Léierin ënnerstëtzt hire Mann wéi se kann: als Beroderin, als Walkampfhëllef an heiansdo sou guer als inoffizielle Bodyguard. A si wäert hir nei Roll am Wäissen Haus op eng vill méi modern Aart a Weis spille wéi d'Melania Trump.

Mat hirem Doktertitel an Erzéiungswëssenschaften dierft si d'Thema Bildung zu engem Schwéierpunkt maachen. Ma d'Jill Biden well och weiderhin Schoul halen a bleift esou onofhängeg. Domat wier si dann déi 1. First Lady déi weiderhin hirem Beruff géing nogoen. Well als Second Lady, wéi hire Mann tëscht 2009 an 2017 Stellvertrieder vum President Barack Obama war, hat si och un hirem Job als Léierin festgehalen.

Als First Lady wäert d'Jill Biden an Zukunft ënner spezieller - a kritescher - Observatioun stoen. Awer déi blond Politikerfra, déi e Faibel fir faarweg Kleeder, héich Liederstiwwelen a Pärelbijoue huet, huet scho bewisen datt si robust ass. Am Mäerz gouf si duerch hire couragéierten Asaz géint 2 Fraen, déi bei engem Optrëtt vun hirem Mann gestéiert hunn, zum Internetstar.

An hirer Ried am September lescht Joer op der Demokratescher Nominatiounskonventioun huet si Parallelle gezunn tëscht de perséinlechen Tragedien am Liewen vun hirem Mann an der Erausfuerderung, déi déif gedeelte Vereenegt Staaten nees zesummenzekréien. "Wéi bréngt Dir eng futtis Famill erëm zesummen? Genee wéi Dir eng Natioun zesumme bréngt: mat Léift a Verständnis a klenge Geste vu Frëndlechkeet, mat Courage, mat feste Glawen."

D'Spaltung vum Land - verschäerft duerch dem Trump säi wochelaange Kampf géint seng Walnéierlag an de Stuerm op de Capitol de 6. Januar - wäerten d'Koppel an de kommende Jore beschäftegt halen. D'Jill Biden hat schonn op hirer Parteikonferenzried ugekënnegt, si wéilt dem Land déngen. Als First Lady wäert si all Dag schwéier schaffen "fir dës Natioun besser ze maachen".

Niewebäi huet déi nei First Lady iwwregens och eng Broschtkriibsstëftung mam Numm Biden Breast Health gegrënnt a kläert mat hirer Fondatioun Schülerinnen iwwert dës Krankheet op.