De Mann war keen Onbekannte wéi e viru 4 Joer als 45. US-President vereedegt gouf. E war a Filmer ze gesinn (Home alone 2), a Showen (The Apprentice), ma virun allem war e bekannt als steeräichen Entrepreneur, deen och dacks Stoff geliwwert huet fir de Klaatsch an Traatsch vun dëser Welt. An du gouf hie President... E klenge Réckbléck vum Marie Gales op 4 Joer amerikanesch Geschicht.

20/01/2021 4 Joer Donald Trump ginn op en Enn

Et vergoung keen Dag, op deem een näischt gelies, gesinn oder héieren huet iwwert de Mann am Wäissen Haus tëscht dem 20. Januar 2017 an dem 20. Januar 2021.

Scho viru 4 Joer op den Dag genee gouf gestridden iwwert d'Zuel vun de Spectateuren, déi um Trump senger Vereedegung solle gewiescht sinn. Hien hat vun 1,5 Millioune Mënsche geschwat, Fotoen a Statistiken hunn awer nëmmen eng 300.000-600.000 Mënsche gezielt. Fake News, ob do dem Trump säi Liblingswuert gebuer gouf?
 
Twitteren a golfen, dat gefält dem Donald Trump. Golfen huet en an der lescht méi dacks gemaach, well twittere goung net méi sou richteg, säin Account gouf jo gespaart. Ma wéi en nach aktiv getippt huet (36 Tweets am Duerchschnëtt den Dag a senge beschten Zäiten) konnt een ënner anerem den 31. Mee 2017 «Despite the constant negative press covfefe» liesen. Wat war mat «Covfefe» gemengt?, konnt ee sech knapp 6 Stonne froen. Duerno gouf deen Tweet fir d'Mënschheet geläscht.

A beschter..eh pardon schlechtster Erënnerung bleift d'Visitt bei der Queen. Juni 2018 war den Trump zu London a wie bei d'Queen geet, muss sech un e décke Protokoll halen; 15 Minutten ze spéit kommen, wéi hien et gemaach huet, geet guer net. Et dierf een zum Beispill net virun der Queen goen oder se iwwerhuelen. Mat Amenter huet een si guer net méi gesinn, well den Trump einfach virun si gaangen ass. 

Bei der Corona-Pandemie hat en och de Bock ofgeschoss. Abrëll wier dat alles eriwwer, also 2020, hat en deemools wësse gedoen. Huet ëmmer nees vum China-Virus geschwat, huet selwer praktesch ni eng Mask ugedoen, alles wier hallef sou schlëmm. Desinfektionsmëttel impfen war eng vun de bizaarsten Aussoen, zemools an engem Land, wou Mënschen den Trump als Erléiser gesinn. Och dat ass bizar.

Sech mat der Bibel filme loossen, aus dem Paräisser Klimaofkommes erausklammen, Nordkorea mam Krich dréien an duerno mam Diktator op best buddies maachen, beim NATO-Sommet zu Bréissel sech virdrécke fir op d'Foto, onbequem Froe vu Journalisten direkt als Fake News ze bezeechnen a frech mat hinnen ze ginn an och mol en CBS-Interview wéinst ''Viragehollsinn, Haass an Onhéiflechkeet'', sou seng Wierder, ofbriechen, alles dat geet op de Kont vum Trump.

Zu senge Verspriechen, d'Hallschent gouf gebrach a knapp 1 Véierel konnt en ëmsetzen. Beispill: D'Mauer zu Mexiko ass just reell 8 Kilometer gewuess a Mexiko huet och net bezuelt, wéi den Trump dat ëmmer annoncéiert hat. Eng Ekonomie, déi boomt, hat e versprach, ganz à la ''Make America Great again''. Abee net d'Coronakris huet hien dëst Zil verfeele gelooss, d'Wuestemszil konnt virdru schonn s net erreecht ginn. Och d'Aspuere vu Steieren konnt virun allem op de Kont vu räichen Amerikaner goen.

Och d'Scholden vun den USA sinn net erofgaangen, ganz am Contraire et goufen der méi. An Obamacare, den Zougang zur Krankeversécherung konnt en och net ganz kippen, wéi een dat och nonstop widderholl huet.

A säin Hetzen de 6. Januar wéinst dem Net-Agestoe vu senger Walnéierlag hat dunn zum Stuerm vu sengen Unhänger op de Capitol geleet a 5 Mënscheliewe kascht. Dat wäert da virun allem an de Geschichtsbicher bei sengem Numm als 45. President vun den USA stoen.