All Joreszäit huet hier geféierlech Momenter fir en Hond oder eng Kaz. Wann een am Fréijoer, Summer an Hierscht méi dobaussen ass mat engem Hond, an do Allméigleches oprafe kann, sou kann den Hond am Wanter awer och e puer Saachen erwëschen, souguer wann en schéin waarm dobannen ass. D'Romi Roth mat engem Beispill wéi séier et dem Déierchen un d'Liewegt goe kann.

RTL

" De jonken, schockelasfaarwege Labrador „Téidi“, normalerweis terribel verfriess, war schonn e puer Deeg am Gaang ze lepsen. Wéi hien dunn och nach ugefaange huet, sech an engem Stéck ze iwwerginn, hu seng Leit hien emol an d´Praxis bruecht. Als Virgeschicht hu si erzielt, dass den Téidi viru bal 10 Deeg e bëssen um Chrëschtbeemchen geschnoffelt hat an dono un deem Beemchen eng Ketten mat Miniboulen gefeelt huet. An natierlech hat een wéinst dem Mupp senge Symptomer esou lues de Verdacht, déi Dekoratioun wier net hannert de Bam gefall mä éischter grad am Mupp sengem Bauch. Mat Röntgen- an Ultraschallënnersichung gouf dat confirméiert. Dem Téidi säin Dënndaarm hat sech ewéi eng Girland ronderëm déi metalle Kette gedréit a méi wäit erof hat e Stéck Daarm sech wéinst dem konstanten Iwwerginn aneneen ageschlëppt. Eng Nout- Operatioun war hei dunn net méi ze ëmgoen"

19-01-2021 Deierentipp - Romi Roth (1) Geforen am Wanter

De Chrëschtbeemchen hunn déi Meescht vun Iech bestëmmt schnon laang eliminéiert, sou dass deen keng Problemer méi maache kann, awer et gëtt nach en Planz déi duerch hier rout Faarf e bësschen Ofwiesslung an déi trist Zäit ouni Blummen bréngt.

"De Chrëschtstär, dee schonn "Euphorbia pulcherrima" heescht, verréit d´Gefor déi vun där schéiner Planz mat de rouden, wäissen oder méi rezent des Saison och rosaen ieweschte Blieder ausgeet, schonn am botanesche Numm. Et ass eng Wollefsmëllechplanz, vun där et menges Wëssens keng eng gëtt, déi net op d´mannst e ferme Briechduerchfall bei Honn a Kazen maache kann. Guer net ze schwätzen vun de wonnerbaren "Amaryllisen", där et e puer botanesch Zorte gëtt an déi alleguer héich an déidlech gëfteg net just fir eis Honn a Kaze sinn. A wien elo mengt, just e bëssen um Chrëschtbeemchen oder engem Arrangement aus Dännebam knabbelen wier kee Problem, iert sech do leider och: bei méi kleng Déiercher, wéi des lescht engem butzegen Bébé-Bichon a gär och bei allen Indoor-Kazen, kënnen d´Nolen sech duerch d´Daarmwand bueren an d´ätheresch Ueleger, no deenen Dännebeem vun all Kategorie esou wonnerbar richen, sinn fir Kaz an Hond alt och erëm gëfteg."

19-01-2021 Deierentipp - Romi Roth (2) Explikatiounen