Et ass einfach e wonnerschéint Bild wann eng wäiss Decken iwwer dem Land läit a net fir näischt fueren esou vill Leit gären an de Wantersport. De Schnéi ass eppes wat faszinéiert. De Mr. Science mat e puer Fakten. 

Et ass scho bal kee méi ze gesinn: mir kruten zwar scho Schnéi dëst Joer, mä et war ni fir laang. Dobäi ass de Schnéi eppes wat faszinéiert. Wann d'Landschafte glënneren, een e Schnéimännche ka bauen a net fir näischt fueren esou vill Leit gären an de Wantersport. Ech wollt e puer Explikatiounen zu der wäisser Pracht hunn an hunn dofir beim Mr. Science nogefrot, dem Joseph Rodesch. Als éischt explizéiert en eis wéi et iwwerhaapt méiglech ass, dass Schnéi vum Himmel fält. Dofir brauch et ganz vill physikalesch Prozesser, déi anenee wierken.

Ënnert anerem gëtt Stëbs gebraucht

© Pixabay

Déi Sechsecker falen dann erof a kommen a Kontakt mat anere Waasserdrëpsen, déi ënnerkillt sinn, an déi lageren sech dann un an esou wiisst eng Schnéiflack. A wann der genuch falen läit eng schéi wäiss Decken iwwert allem. Trëppelt een doropper, mécht dat en typescht Geräisch. Dat läit un deene ville Schnéiflacken, déi aneneen hänke bleiwen an deelweis zesummewuessen.

En änleche Prinzip ewéi e Fuerzkëssen

© Pixabay

Mol ass dat Geräisch méi lues, emol méi haart. Dat huet mat den Temperaturen ze dinn. Wann et méi kal dobaussen ass, héiert ee nach besser wann een op de Schnéi trëppelt. Dat läit einfach drun, dass d'Schnéistrukturen ënnert eise Schong méi haart sinn. Ëmgedréint ass et, wann et méi waarm dobaussen ass.

Bei Mätsch ass d'Geräisch méi lues

Och wann et vläicht net dono ausgesäit- mä dee nächste Schnéi kënnt bestëmmt. A Spuenien goufe se jo scho ferm iwwerrascht an elo och an der Sahara, den Ament an Algerien (Stand: 20.01.2021). All 10 Joer gëtt et de sougenannte Wüsteschnéi.