
© P. Greis

© dpa/AFP/Archiv/Malte Christians
"Gläich vun 2 Studien schwätze mer haut hei. Déi eng hunn 4000 Leit ënnersicht mat engem Mini-Mental State Questionnaire. Enger bësschen erweiderter Form, déi am Fong geholl no kognitiven Defiziter sicht. Do geet et ëm Memoire, ëm logescht Denken. Et muss een eng kleng Zeechnung maachen. A gläichzäiteg koumen déi Leit dann och an de Schloflabo fir hir Gehierwellen enregistréiert ze kréien, wat een och "Polysomnographie" nennt. Déi Leit mat de beschten Resultater am Kognitiounstest haten méi Dreem an och méi laang REM-Phasen. Et goung also net nëmmen em d'Dauer vum Schlof, mä och ëm d'Qualitéit vun där Zäit."
Eng Etüd ass scho gutt. Wann een dat awer nach emol ofséchere wëll mécht een am beschten nach eng, mat méi Leit fir op Nummer sécher ze goen.
"Eng zweet Etüd mat iwwert 1 Millioun Leit, aus 3 Länner, huet weider Detailer bruecht, iwwert wat ass normal als Dauer, Qualitéit vum Schlof an d'Funktioun vum Alter. An déi huet ganz änlech Resultater bruecht. Fir e gudden Schlof, probéiert virum Schlofen Telé an Handy z'evitéieren. Kee Kaffi oder aner Opputschmëttelen ze spéit Nomëttes oder Owes zou sech ze huelen. D'Suergen an de Stress wann méiglech schonn virun der Nuecht ze verschaffen. An deem Sënn eng gutt Nuecht, a bleift gesond."