-"Wann s de elo net direkt deng Kummer raums, da kucks de den Owend keng Tëlee!" Nach e béise Bléck a scho flitt d'Dir zou. Op dono tatsächlech d'Kummer geraumt ass, dat ass eng aner Fro an hänkt vu ville Facteuren of. Mee eent ass sécher: wierklech gutt fillt een sech no esou Zeene weder als Elteren nach als Kand, Michèle Schons?

21012021 Kannererzeiung - wei maachen ech et richteg

Et ginn Elteren déi wëssen heiansdo hiren Hänn kee Rot méi. Bei all deem Stress, dem Drock an de friemen Erwaardungen ass dat och kee Wonner. An esou Fäll schéngt eng Erpressung dann déi séierst an Effektiv Form ze sinn, fir de But z'erreechen. Dono kommen dann d'Zweiwel: War déi Reaktioun  wierklech richteg? Sinn ech ze streng? Oder hunn ech soss ze vill duerchgoe gelooss? A gëtt et iwwerhaapt Eppes wéi déi richteg Kannererzéiung mat där een an alle Liewenssituatioune gutt fiert? D´Jenny Wirtz vun Jenny's Herzenssache schafft scho laang Jore mat Kanner an hëlleft gären och den Eltere fir e gesonde Mëttelwee ze fannen.

© pixabay

De Mënsch huet souwisou schonn 3 ugebuere Grondbesoinen: Autonomie, Kompetenz a sozial Integratioun, och dat ze wëssen, kann an den Erzéiungsfroen hëllefen. Am éischte Moment wëllen d'Eltere vläicht dass d'Kanner einfach follegen, ma wann ee méi genee driwwer nodenkt, da wëlle mer eigentlech jo dass se eppes maache well se selwer mierken dass et wichteg ass.

Eng weider wichteg Roll spillt dann nach d'Motivatioun: Kënnt de Wonsch fir Eppes ze maachen nämlech vum Kand selwer, da mécht et dat vill léiwer wéi wann et forcéiert ass.

© pixabay

Grondsätzlech gëllt awer dass all Kand individuell ass, an och ënnerschiddlech op déi divers Methode reagéiert. Munch Kanner komme mat Reegele besser kloer, anerer manner, dat selwecht betrëfft och den Drock deen d'Elteren heiansdo ausüben. Deen ee richtege Wee gëtt et also net ma firwat net mol gemeinsam Eppes Flottes entdecken an ausprobéieren?

Fir en Zesummewuessen gehéiert och dozou fir d'Perspektive vum Kand net ausser Uecht ze loossen, dacks lount et sech fir einfach zesummen iwwert en Thema ze schwätzen an esou d'Bezéiung nees ze reparéieren.

Nolauschtere kascht näischt, an esou kënne Mësstänn aus dem Wee geraumt ginn, egal op et ëm d'Thema Kakao, oder Lego geet.

© Jenny Wirtz