Et ass fir vill Leit déi grouss Hoffnung am Kampf géint de Coronavirus. D’Impfung. Och hei zu Lëtzebuerg huet d’Impfcampagne jo ugefaangen. Mat engem éischte provisoreschen Impfzenter um Lampertsbierg. Am Magazin den Owend op RTL Tëlee geet et em d’Logistik vun dësem Impfzenter. Wéi eng Leit schaffen hei. A wat muss do alles ronderëm organiséiert ginn, dass alles klappt.

21/01/2021 D'Logistik am provisoreschem Impfzenter