Den John McLane muss erëm d'Welt retten.

Am 4. Deel vun der Die Hard-Serie huet et de Bruce Willis mam Cyperterrorist Gabriel ze dinn, deen et fäerdegbréngt datt de Verkéiersreseau a d'Finanzwelt zesummebrécht. Duerno probéiert dee Béisen och nach d'Energieversuergung vun den USA gutt duercherneen ze rëselen. An da kënnt grad dee Polizist deen e Computer eigentlech nëmme benotzt fir sech hannendrun ze verstoppen. Ma den John McClane huet an dësem Fall Hëllef vun engem Hacker, dee muss da kucke fir mam Gabriel an der Datewelt eens ze ginn.

Stirb Langsam 4.0 den Owend um 20:15 op Sat 1.