An der Rubrik Véiereckeg Aen - bei där all Woch duerch d'Streamingdéngschter no flotte Filmer gekuckt gëtt - féiert et den Tom Dockal haut mam Film Monos an de südamerikaneschen Dschungel.

21/01/21 Véiereckeg Aen MONOS 11h15

Méi präzis ewéi "südamerikaneschen Dschungel" kann am Kontext vun deem Film net gesot ginn. De Realisateur Alejandro Landes schéngt et och net esou wierklech z'interesséieren, wou genee sech déi vun him ko-geschriwwe Story ofspillt. An zwar déi vun engem Grupp Jonken, déi bis op d'Zänn mat Waffen ekipéiert héich uewen an de Bierger - zum Deel iwwert de Wolleken - op eng amerikanesch Gefaangener an eng Mëllechkou opzepassen hunn. Den Numm vun deem Grupp: Monos.

 
Ëmmer nees schéngt e mysteriéise Mann beim Grupp opzedauchen a fir nozekucken, ob alles am grénge Beräich bei hinnen ass. Si hunn alleguerten nawell gelunge Pseudonymmen, Spëtznimm quasi, déi héchstwarscheinlech hir tatsächlech Identitéit am Däischteren halen - Rambo, Boom Boom, Lady an esou weider an esou virun. Si géife fir d'Organisatioun schaffen an d'Organisatioun wier hir Famill. De Film gëtt sech bal ewéi eng Fabel, déi verstanen huet, dat dës Situatioun eng traureg universell ass op dee Kontinent. Méi nach a sengem Heemechtsland Kolumbien, wat de Realisateur Landes als eng tickend Zäitbomm ugesäit. Paramilitäresch Gruppe gëtt et a Südamerika ewéi Sand um Mier an dacks gi Kanner a Jonker an déi Guerillagruppe mat eragezunn.
 
Monos - oder Mono - ass bekanntlech dat algriichescht Wuert fir "eleng", a genee dat ass schonn de Schlëssel zu dësem Film. Jonk Mënschen, déi op sech eleng gelooss ginn. Elleng gelooss mat sech an hire Wënsch a Besoinen an eleng gelooss an engem Grupp, dee sech quasi ouni Awierkung vun Erwuessenen duerch d'Liewen ze boxen huet. Am Fall vu Monos ass et net just dat wuertwiertlecht Boxen, mee och dacks Schéissen.
 

© Jasper Wolf

Wie vun Op-Sech-Eleng-Geloosse-Jonker héiert, dann ass dem William Golding säi Lord of the Flies net wäit aus de Féiss. Ech kéint op dëser Plaz nach "Werner Herzog" a "Come and See" mam Numm placéieren, mee dat géif deem kënschtleresch a politesche Verve vum Film net gerecht ginn. An dat ass eng héich impressionistesch, wou villes net ausgeschwat a genee esou villes sech tëschent zwou Notiounen ofspillt - d'Froestellung vun engem seng Plaz am Grupp a als Individuum, vu Jonken oder Kanner, déi op Erwuesse maachen, dat och schwéier arméiert, mee déi gläichzäiteg och einfach sech emol kenneléieren - och um Niveau vun der Sexualitéit. An eben déi Mëschung aus sensibele Coming-of-Age a brachialem Guerrilla mécht Monos zu engem ambiguen, iwweraus spannende Film. An da gesäit Monos esou spektakulär aus an héiert sech och immens un. D'Kameraaarbecht vum Hollänner Jasper Wolf an déi enorm Musek vum Mica Levi droen hiert dozou bäi, dat de Film ewéi e verféiwerten Dram op ee wierkt. Bei aller Interpretéierbarkeet ass de Film zum Schluss glaskloer traureg a sengem Portrait vun enger - wann net méi Generatiounen - vu Jonken, déi vir eng dacks immens bedenklech Cause an d'Liewe kommen. Monos ass op alle Fall net ze verpassen.

© Jasper Wolf

Monos kënnt Dir iwwer Sooner.lu, respektiv der Tëlee vun der Post kucken.