Den Doug Emhoff ass 56 Joer al, Papp vun 2 Kanner an de Mann vum Kamala Harris. Virun allem wäerten déi meescht Leit hien éischter ënnert dem Begrëff Second Gentleman kennen. Et ass eng Premiere an der Geschichte vun den USA, dass eng Fra, d'Positioun vun der Vizepresidentin erfëllt. Domadder ass et awer och déi éischte Kéier, dass et keng Second Lady gëtt, mee e Second Gentleman. De Mann hannert der neier Vizepresidentin.

23/01/21 Second Gentleman

"Kamala Harris for the people" gedréckt op Pulloveren, T-Shirten oder Pousteren. A senge sozialen Netzwierker stellt sech den Doug Emhoff als grousse Supporter vu senger Fra duer. Hien ass ee richtege Fan an dat gëtt hien och net midd am Internet virun, wärend an nom US Walkampf ze ënnersträichen. Hie beschreift sech selwer als Mann vum Kamala Harris zu sengen Interesse géifen seng Aarbecht, seng Famill an seng Fra zielen.
 

© afp

Hien ass zu Brooklyn op d'Welt komm, huet e Brudder an eng Schwëster an ass mat 17 Joer op Kalifornien gezunn. Hien war 16 Joer mat senger éischter Fra zesumme mat där hien och seng Kanner d'Ella an de Cole huet. No der Scheedung huet hien 2013 d'Kamala Harris kennegeléiert. Hiert Treffe soll eng gemeinsam Frëndin vun deenen zwee arrangéiert hunn. Ee Joer drop hunn si sech dunn och bestuet.
 
Hie war bis viru kuerzem Affekot an enger renomméierter Kanzlei am Medien- an Entertainmentberäich. Déi Aarbecht huet hien am Kader vun der US-Presidentewal awer opginn an huet seng Fra am Walkampf ënnerstëtzt. Duerch Optrëtter, awer och Interviewen an iwwert d'sozial Netzwierker op deenen hie reegelméisseg post.
 
Hien vermëttelt en anert Bild vun der neier Vizepresidentin. Si, d'Affekotin, d'Politikerin, déi scho jonk Karriär gemaach huet. Duerch hire Mann léiert een si als Mamm kennen, déi vun de Stéifkanner Mamala genannt gëtt, Sonndes fir déi ganz Famill kacht an nieft Karriär virun allem e Familljemënsch ass. Aus der Politikerin gëtt ee Mënsch.
 
Elo ass de Walkampf eriwwer an säin ale Job géif hien awer net méi zréck goen. Offiziell wéinst dem Interessekonflikt tëscht der Aarbecht als Affekot a senger Funktioun als Second Gentleman. Dofir géif hien an Zukunft ënnerriichten an zwar op der Georgetown Universitéit zu Washington. Vu sengem neien Doheem aus dem Number One Observatory Circle wou hien a seng Fra also déi nächst véier Joer viraussiichtlech liewen, ass et och guer net sou wäit bis op seng Aarbecht. Grad mol eng véierel Stonn, de neie Professer huet als keng Excuse ze spéit ze kommen, Second Gentleman hin oder hir.