Start vun der Réckronn an der däitscher Fussball-Bundesliga.

Och am Fussball ass relativ alles op der Kopp. Zum Beispill war en Dënschden an de Mëttwoch eréischt de leschte Spilldag vun der Hironn an der Bundesliga, dee fält normalerweis an den Dezember an dann huet een och en Hierschtmeeschter; deen huet een zwar och dës Kéier awer eben eréischt am Januar, an heescht wéi sou dacks Bayern München. Traditionell gëtt den éischte Match vun der Réckronn dann och dës Saison am Free-TV gewisen. Den Owend vu 20:15 u weist ZDF den Duell tëscht deenen zwou Borussiaen, déi vu Gladbach an Dortmund. De 4. géint de 7.. An der Hironn hat de BVB mat 3 - 0 gewonnen, no de rezente Resultater a Leeschtunge kéint dat den Owend awer aneschters ausgoen, ma loosse mir se mol spillen.