All Hobbygäertner deen der Meenung ass, dass e sech et am Wanter e puer Méint gutt goe loossen kann, ouni Gaardenaarbecht, deen huet sech geiert. Et leeft alles wuel eng Grimmel méi roueg mat gruewen, schneiden a planzen, awer dofir huet den Jeannot Lacour aner wichteg Aarbechten ze verdeelen. An zwar ëmmer dann wann Schnéi fält.

Schnéi kann e Problem ginn, fir verschidden Planzen. Wann Schnéi fält heescht dat en grousst Gewiicht dat op enger Planz leie bleift. d'Planzen déi elo hier Blieder verluer hunn den Hierscht, déi de Wanter keng Blieder hunn, ass dat kee Problem mam Gewiicht. Planzen déi ëmmer gréng sinn, déi hier Blieder de Wanter iwwer halen, do kann dat schonn éischter e Problem ginn, wann dee Schnéi op deene Blieder leie bleift. T'kann emol sinn, dass d'Planz sech duerch d'Gewiicht emol béit. An zweetens, wa richteg vill Gewiicht drop ass da kann et emol sinn dass een oder deen aneren Aascht ewech brécht. Dofir ass et wichteg, wann ech sou ëmmergréng Planzen hunn, se ze rëselen, fir dass de Schnéi och eroffält, fir sou mann wéi méiglech Gewiicht op der Planz ze hunn.

23-01-2021 Gaardentipps (1) Schneilaascht

A wien sech de Moment nach net ugesprach gefillt huet, deen lauschtert spéitstens elo no, well et geet och ëm Planzen déi méi heefeg doruechter ze fanne sinn.

Dozou zielen natierlech och Zypressen oder Tuyaen. Do muss ee wierklech ganz gutt oppassen, well déi verzeie net. Wann do eng länger Zäit Schnéi drop leit, déi béien sech duerch d'Gewiicht, well déi immens dicht sinn. De Schnéi kënnt net tëschent an d'Planz, dat heescht de Schnéi bleift drop leien. A wann déi eng Zäit gebéit sinn, kommen déi meeschtens guer net méi zréck. Dat heescht ech hunn e Lach dran. En Aascht dee sech gediebelt huet, deen do e puer Wochen gediebelt bleift well de Schnéi sou laang drop louch, dee kennt net méi zréck. Dat ass meeschtens de Problem bei den Tuyaen oder den Zypressen fir do opzepassen. Eng Kéier mat der Biicht widder d'Heck fir de Schnéi erof ze rëselen, dat wier schonn wäertvoll fir dass d'Heck och de Summer iwwer schéin ass, a net e Lach huet, well den Aascht dee gebéit ass net erëm zréck kënnt.

23-01-2021 Gaardentipps (2) Zypressen