An der Reegel sinn d’ Wanterméint, d’Grippeméint. Dëst Joer schéngt dat awer anescht ze sinn.
Des Saison goufe bis ewell nëmme ganz wéineg Grippefäll fonnt.
Dat wier op di aktuell sanitär Mesuren zréck ze feieren, esou den Epidemiolog Joel Mossong.
E Reportage vum Pierre Weimerskirch iwwert Grippeviren a Mutatioune vum Coronavirus.

22/01/2021 BAND Grippesaison 07h20 -weimerskirch-

"Datt mer hei sëtzen, déi meescht Leit hu Masken un, all dat féiert och dozou, datt och de Grippevirus méi Problemer huet sech ze verbreeden."
De Joel Mossong ass Epidemiolog a schafft fir d’Inspection Sanitaire. Am Verglach mat de Grippesaisonen aus de Jore virdrun hätt een dëst Joer bis ewell kaum Influenza bei Patienten nogewisen. Speziell war dëst Joer och, datt sech esouvill Leit wéi nach ni virdrun zu Lëtzebuerg géint d’Gripp geimpft hunn.
"Op där anerer Säit muss een awer wëssen, datt d'Zilgrupp vun der Grippeimpfung am Prinzip déi eeler Leit sinn, also Leit iwwer 65 oder Leit, déi Vulnerabilitéiten hunn, an datt deen Impakt op d'Transmissioun am grousse Ganze relativ kleng ass, wann een déi Grupp impft. Et ka scho sinn, datt dat e klengen Impakt huet op d'Mortalitéit, wann de Grippevirus soll kommen, awer manner op d'Transmissioun. Well déi meeschten Iwwerdrounge geschéien duerch déi Jonk a virun allem duerch d'Kanner."
Ma och déi sanitär Mesuren, déi aktuell an de Schoule gëllen, géifen dëst Joer dozou bäidroen, datt Viren et méi schwéier hunn sech ze verbreeden.
Den Ament ass d’Héichsaison fir respiratoresch Viren. Dofir misst ee grad déi nächst Wochen och bei de Coronavirusinfektiounen oppassen, fir ze verhënneren datt eng weider Infektiounswell Faart ophëlt. Eng weider Onbekannt wieren nei, méi ustiechend Varianten. Prognose fir déi nächst Wochen ze maache wier awer extrem schwiereg.