2021 kritt den Télévie seng 20 Joer. An anere Wierder, zanter 2 Joerzéngte ginn zu Lëtzebuerg Sue gesammelt fir datt mat deene Sue géint de Kriibs ka gefuerscht ginn. Wéi wichteg Fuerschung ass, konnt och dee Coronavirus weisen, deen der ganzer Welt den Ament d'Liewe schwéier mécht. D'Marie Gales huet mam Diane Wunsch dem Dr Guy Berchem geschwat.

04/02/2021 Weltkriibsdag: Télévie 2021

A wéi all Joers gëtt et och dëst Joer den Télévie-Dag; dëst Joer soe mir och net dee Groussen, och wann et e ronne Gebuertsdag ass, mä duerch d'Pandemie gëtt 2021 grad wéi d'lescht Joer op eng méi kleng Versioun gesat. Notéiert Iech de 24. Abrëll. D'Diane Wunsch d'Télévie-Coordinatrice erkläert, wéi wichteg sou en Dag ass, deen déi ganz Aktioun Télévie markéiert.

Diane Wunsch: Mir kucken, datt mir sou vill wéi méiglech Iddie kréien, well mir jo net d'Leit sollen zesummebréngen a keng Manifestatioune solle maachen. D'Zentere schaffe ganz gutt, mir verkafe Gadgeten a mir maachen Saachen dobaussen.

Natierlech elo ass et nach ze schwéier fir ze soen, wéi deen Dag genee wäert oflafen, ongewëss an dëser Pandemie.Mä eppes ass sécher wien d'Zentere sinn.

Diane Wunsch: Dat sinn déi selwecht wéi d'lescht Joer, dat sinn Ëlwen an Iechternach, Suessem, Stroossen an natierlech wéi all Joers derbäi de Centre de promesses Rodange. Well déi Zentere konnte jo am Fong och net dat bréngen an all déi Iddien, déi se haten, net ëmsetzen.

D'Diane Wunsch ass net just mat den Zenteren a Kontakt mat och mat den Dokteren a Fuerscher, déi an der Kriibsfuerschung täteg sinn, wéi mam Dokter Guy Berchem, Cancerlog, deen erkläert, datt natierlech och an Zäiten vun der Corona-Pandemie d'Fuerschung beim Kriibs viru leeft.

Dr Guy Berchem: Wa mir elo och eng nei Krankheet hunn, ëm déi mir eis musse këmmeren, hunn awer nach vill Leit Kriibs. Also eis Aarbecht an der Klinik huet guer net opgehalen, par konter si ass méi schlëmm a méi schwéier ginn, well elo dee Corona nach derbäi komm ass. Bei Féiwer zum Beispill weess een net, vu wat dee Féiwer dann elo kënnt. Dofir muss d'Fuerschung och weidergoen, well mir musse kucken, datt d'Behandlungsméiglechkeete fir eis Kriibspatiente besser ginn.

Um Kriibs gëtt schonn s immens laang gefuerscht, ma déi Fuerschung ass elo grad an Zäite vum Coronavirus interessant.

Dr Guy Berchem: Déi Intersektiounen tëscht den Infektiounskrankheeten an dem Kriibs ass zemools an der Recherche am Ufank an der Recherche vun der Immuntherapie immens wichteg. Do hat et klassesch Zoufäll ginn, wou se erausfonnt hunn, datt wann een eng ganz uerg Infektioun op der nämmlechter Plaz hatt wou en och e Kriibs war, wéi en Hautkriibs an net un der Infektioun gestuerwen ass, dann ass de Kriibs op där Plaz ewech gaangen. Sou sinn déi éischt Iddie komm un enger Immunbehandlung duerch d'Reaktivitéit vum Immunsystem. Dat ass eng vun den Erklärungen, datt een déi Recherchë kéint bannen.

E ganz wichtege Message och nach, Mënschen déi Kriibs hunn, zielen zu de vulnerabele Mënschen.

Dr Guy Berchem: Zemools wa se a Behandlung sinn, do maache mir si zum Deel nach méi vulnerabel duerch eis Behandlung. Mä och duerch de Kriibs selwer ass den Immunsystem net sou performant an erkennt d'Tumeur net erëm a mécht se och net futti. Déi Mënsche sinn einfach méi vulnerabel an dofir sinn dat elo déi nächst, déi musse geimpft ginn. Do sinn och elo Aktiounen am Gaang vun eiser Regierung fir déi erauszefilteren an do hëllefe mir dann natierlech och fir datt dëst reusséiert.

Ouni Sue gëtt et schwéier ze fuerschen, dofir d'Diane Wunsch nach emol den Appell:

Diane Wunsch: Et kann een nach ëmmer säin Don maachen a mir freeën eis iwwert all Don, deen erakënnt. Grousse Merci elo schonn s!

RTL

Gitt och Dir der Hoffnung eng Chance an ënnerstëtzt den Télévie.

Kuckt op