Zu Lëtzebuerg ginn all Joer bal 3.000 Leit mat Kriibs diagnostizéiert an et gëtt geschat, dass haut méi wéi 13.000 Awunner mat dëser Krankheet liewen. Wärend de Kampf géint de Covid-19 scho bal ee Joer an der Aktualitéit ass, wëll d'Fondation Cancer haut um Weltkriibsdag dovunner profitéieren, Nicky Soisson, fir op déi zweet Doudesursaach hei zu Lëtzebuerg ze sensibiliséieren an hir Ënnerstëtzung fir Patienten an hir Léifsten auszedrécken.

04022021 Weltkriibsdag Fondation Cancer

De Weltkriibsdag gëtt et säit 2000 an ass vun der Union of International Cancer Control, kuerz UICC, an d'Liewe geruff gi fir eben d'Leit weltwäit ëmmer nees fir dës Krankheet ze sensibiliséieren. Hei zu Lëtzebuerg ass et d'Fondation Cancer déi sech, wéi den Numm et och well seet, dëser Krankheet ugeholl huet an direkt e puer Missiounen huet, Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondatioun:

"Eis geet et eben drëms, dass sou mann wéi méiglech Leit u Kriibs erkranken an dat kann een eben doduerch maachen, dass een d'Leit sensibiliséiert. Eis 2. Missioun ass "Aide", mir hu Psycho Oncologuen hei déi sech wierklech em d'Kriibspatiente këmmeren, déi hinnen hëllefe mat där Diagnose, mat deem Traitement an och wat dono kënnt eens ze ginn souwuel si wéi och d'Kanner vun deene Persounen oder och de Conjoint. Eng Kriibsdiagnose impaktéiert eng ganz Famill an net nëmmen eng eenzeg Persoun. An dann déi aner Missioun ass eben och mir ënnerstëtzen d'Recherche, dat ass ee vun eisen Haaptpilieren wou mer och ganz vill Suen investéieren. Mir hu säitdeem et eis gëtt op mannst 16-17 Milliounen an d'Recherche hei zu Lëtzebuerg investéiert."

Kriibs war ëmmer en Tabuthema an eiser Gesellschaft ma gëtt an Tëschenzäit awer ëmmer méi dacks ëffentlech thematiséiert, wat natierlech net nëmmen e Fortschrëtt mee och eng grouss Hëllef fir déi betraffe Persounen ass. Si brauchen haut net méi d'Gefill hu sech mussen ze verstoppe well se krank sinn. An awer gëtt et virun allem nach een Domaine an deem d'Krankheet nach wie vor tabu ka sinn:

"En Tabu ass et nach ëmmer wann ech zum Beispill op der Sich no enger Aarbecht sinn an a mengem CV ass e Lach vun engem oder annerhallwem Joer. Wann ech da soen do war ech an engem Traitement vu Kriibs da sinn d'Chance kleng, dass een da geholl gëtt. Wann een da seet ech war op enger Weltrees oder ech hu Paus gemaach, ech hu mech gesicht, sinn d'Chance méi grouss. Dat krute mer scho vu Patiente gesot. Also Tabuthema hänkt dovunner of: wann et drëms geet eng Aarbecht ze fannen, schaffen ze goen oder zréck op seng Aarbecht ze kommen, dann ass et nach ëmmer tabu an do soen d'Leit et ass besser ech soen net dass ech Kriibs hat well soss fannen ech ni eng Plaz."

An do spillt de finanzielle Volet natierlech och eng grouss Roll. Och wann d'Fondation Cancer de Leit finanziell ënnert d'Äerm gräift, sou hofft een awer, dass sech grad och an der Aarbechtswelt nach eppes an deem Beräich deet.

"Et ass haaptsächlech domadder wou dann, wéi all chronesch Krankheet, wou een awer ëmmer e bëssi riskéiert diskriminéiert ze ginn an et ass awer esou, dass et fir Kriibspatienten immens wichteg ass, dass se zréck kënnen op hir Aarbecht kommen, dat hëlleft hinnen awer hire Rôle an der Societéit weider ze erfëllen, et ginn hinnen och eng Bestäerkung wat se sinn. An de finanziellen Aspekt dierf ee bei wäitem net ënnerschätzen. Mir als Fondatioun ënnerstëtze jo och Leit déi a finanzieller Nout sinn an ech kann Iech soen: och hei zu Lëtzebuerg mécht Kriibs aarm."

Am Kader vum Weltkriibsdag ass et der Fondation Cancer wichteg op sech opmierksam ze maachen an de Leit dëse Message mat op de Wee ze ginn:

"Also fir d'Kriibspatiente ganz kloer fir hinnen ze soe mir si fir Iech do. Wann der Hëllef braucht, zéckt net bei eis ze kommen. Et ass scho wichteg, dass een net eleng do steet an dass ee wann een eng Hëllef brauch och eng Hëllef freet. Fir d'Leit allgemeng: et ka jidderee Kriibs kréien ouni iergend e Grond mee et ass awer elo och net esou, dass mer guer näischt géint eise Kriibsrisiko maache kënnen an et wier awer net schlecht wa jidderee géing versiche sou gesond wéi méiglech ze liewen an déi Kriibsrisikoen ze evitéieren."

Hei fannt Dir weider Informatiounen iwwert d'Fondation Cancer: