Fir déi meescht vun eis en dagdeegleche Geste: nodeems mir d'Hoer gewäsch hunn, mussen dës gedréchent ginn. Allerdéngs net egal wéi seet d'Nicky Soisson! Well hei kann een nawell gären deen een oder anere Feeler maachen. Op wat et hei gëllt opzepassen, gitt Dir elo direkt gewuer!

27012021 Richteg Hoer drechnen

Déi meescht rubbelen no der Dusch d'Hoer mat engem Duch dréchen. Net gutt! Well meeschtens ass dat gewéinlecht Hand- oder Buedduch vill ze rau fir eise naass Kamp, dee fiicht nach méi empfindlech ass wéi soss. D'Resultat ass da mol gäre Spliss oder Frizz. Amplaz vum Duch kann een en hondsgewéinlechen T-Shirt aus Kotteng benotzen. Deen ass e Stéck méi douce, ma och mat deem soll een net rubbelen wéi e Päerd mee d'Hoer vun uewen no ënnen oftuppen oder an en Turban wéckelen.

Deen allerdéngs soll een net ze laang drop loossen, well eis Hoerpracht dorënner net komplett dréchne kann an dat dann dozou féiert, dass d'Fiichtegkeet an d'Hëtzt op der Kapphaut sech stauen. D'Resultat dovunner sinn da Schubber a fetteg Hoer. Eppes wat jo kee sou wierklech wëll!

D'Biischt soll Dir bei naassen Hoer och léiwer op der Säit loossen. Déi ass nämlech vill ze vill aggressiv a ka se staark beschiedegen. Dofir léiwer mam Kamp schaffen!

Wat eis Buuschten och guer net gären hunn, ass wann ee se nom Wäsche straff zesummen zitt. De Grond dofir ass, dass se sech beim Dréchnen ausdeenen an duerch dat Zéien an Zesummendruddelen d'Struktur vun den Hoer kann zerstéiert ginn.

Mat naassen Hoer schlofe goen ass och keng gutt Iddi. Mol ofgesinn dovunner, dass een se den Dag dann nawell gären op hallwer 7 stoen huet, reiwen sech eis Fliichten wärend dem Schlofen dacks op der Bettwäsch an da briechen déi eenzel Hoer gären of.

An dee leschte Feeler dee mir nawell gäre maache wann et ëm eis Hoer geet, ass eppes wat mir schonn s als Kand agetriichtert kruten: net mat naassen Hoer virun d'Dier goen! Net nëmmen, dass mir domat riskéieren eis grad elo am Wanter gutt ze erkalen, schued et och eise Buuschten. Dës sinn an der Keelt besonnesch empfindlech an erliewen dobaussen am Wanter eng Zort Schockfrascht a kënnen am schlëmmste Fall souguer briechen. An dann hu mer de Misär!

A wann Dir Är Hoer einfach nëmmen dréche föne wëllt, da gëtt geroden e Schutz géint d'Hëtzt ze benotze well och mam waarmen Dréchnen ass eise Kamp net wierklech frou!