2009 gouf zu Beetebuerg deen éischten Cent Buttek am Land gegrënnt. Eng Zort Epicerie, wou de sozialen Engagement grouss geschriwwen gëtt. Beggen konnt 2020 op 10 Joer zréck kucken an zu Péiteng koum am Mee 2015 en drëtten Buttek derbäi. Den RTL Reporter war de Moien op Nummer 12 rue de la Gare zu Beetebuerg wou kuerz vrun 9 scho genuch lass war.

27-01-2021 Cent Buttek (1) Pol Olinger - fiert mat der Camionnette

Den Arthur Besch huet als Véterinaire geschafft bis en an d'Pensioun goung. Als Vize-President vun den dräi Cent Butteker aus dem Land huele si d'Liewesmëttelvirschrëften eescht, ier se Stéit déi et néideg hunn, mat hirer Wuer ënnerstëtzen.

27-01-2021 Cent Buttek (2) Arthur Besch - Secherheet gëtt grouss geschriwwen

Ronn 230 Fräiwëlleg suergen derfir dass de Buttek leeft, ënner hinnen och déi Dammen Richard, Marx an Hoffmann déi de Moien schonn déck am Jumm waren.

27-01-2021 Cent Buttek (3) 230 Fräiwëlleg

2 mol d'Woch mécht den Cent-Buttek seng Dieren zu Beetebuerg op. Och an der Pandemie kommen regelméisseg eng 110 Familljen sech ravitailléieren. d'Entrée ass awer strikt reservéiert fir Clienten déi d'Suen net sou fëlleg hunn.

27-01-2021 Cent Buttek (4) Arthur Besch - Clienten