Loscht op e Thriller deen an de 50er spillt? Mir kéinten hëllefen.

Respektiv Kabel Eins. Den Owend um 20:15 leeft Bridge of Spies: Der Unterhändler mat ënner anerem dem Tom Hanks an der Roll vum Versécherungsaffekot James B. Donovan, deen an de spéide 50er, Amerika deemools antikommunistesch, den iwwerféierte sowjetesche Spioun Rudolf Abel verdeedege soll. Den Affekot bréngt et fäerdeg datt de Spioun net higeriicht gëtt, ma wéi en amerikanesche Spionagefliger verschwënnt, freet d'CIA beim Donovan no ob deen net zu Berlin, geheim natierlech, en Tosch aushandele kann.

Bridge of Spies: Der Unterhändler um 20:15 op Kabel Eins.