Wärend dem Zweete Weltkrich hunn d'Nazie bal 6 Milliounen Judden ëmbruecht. Dëse Vëlkermord gëtt Holocaust genannt. 2005 huet d'Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen de 27. Januar zum Internationalen Holocaust-Gedenkdag deklaréiert bei deem zanterhier all Joer de villen Affer geduecht gëtt. Méi iwwer d'Ursaachen an d'Hannergrënn vum Holocaust ginn et elo direkt mam Nicky Soisson.

27012021 Internationalen Holocaust Gedenkdag

De Begrëff "Holocaust" kënnt aus dem Algriicheschen a bedeit "verbrannten Affer". Well virum Zweete Weltkrich gouf d'Wuert heiansdo benotzt fir den Doud vun enger grousser Grupp vu Leit ze beschreiwen. Zanter 1945 ass et allerdéngs praktesch e Synonym fir d'Ermuerdung vun europäesche Judden am Zweete Weltkrich ginn. D'Judde schwätzen och vun der Shoah, dat ass dat Hebräescht Wuert fir "Katastroph".

Den Holocaust hat verschidden Ursaachen an déi antisemittesch Ideologie vun den Nazien muss an e méi breede Kontext vu Joerhonnerten aler Feindlechkeet vis-à-vis vu Judden, modernem Rassismus an Nationalismus gesat ginn. A genee heirëm geet et haut um Internationalen Holocaust Gedenkdag wéi de Romain Schroeder vum Zenter fir politesch Bildung erkläert:

"Zum Engen ass et den Dag wou den Offer vum Holocaust dru geduecht ginn aus Respekt virun deenen Affer an zum aneren ass et awer och wichteg sech bewosst ze maache wéi et zum Holocaust, zur Shoah konnt kommen. Dass dat eppes ass wat vu Mënsche verursaacht ginn ass, dass Diskriminéierung, Rassismus, Antisemitismus a sengem Extrem zu deem industrielle Massemord gefouert huet. Zum aneren ass et awer och wichteg fir op aner Genoziden opmierksam ze maachen déi nom 2. Weltkrich stattfonnt hunn an anere Länner an Zäiten déi wäit manner wäit ewech leie wéi d'Shoah."

Judden sinn an Europa well zanter Joerhonnerte diskriminéiert a verfollegt ginn, dacks aus reliéise Grënn.

A sengem Buch "Mein Kampf" an a senge Rieden huet dann och den Hitler ëmmer erëm kloer gemaach, dass hien d'Judden haasst an dass dës an Däitschland näischt verluer hätten. Uganks gouf et awer nach kee Plang fir Massemord ze bedreiwen. Eréischt nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich koum den Nazien de Gedanken all europäesch Judden ëmzebréngen.

Vu Mëtt 1942 un goufen dunn d'Judden aus de besate Gebidder aus Westeuropa deportéiert. A Véiwaggonen si se zesummegepercht an Osteuropa gefouert ginn. Déi meescht vun hinne goufen op Auschwitz-Birkenau bruecht. Do goufen d'Leit da bei der Arrivée "ausgewielt", jiddereen, deen net staark genuch geschéngt huet, gouf direkt an der Gaskummer ermuert. Déi aner hu missten ënner barbareschen Ëmstänn liewen a schaffen. 

De 27. Januar 1945 hat dee ganzen Albdram en Enn fonnt. Deemools hunn d'Zaldoten vun der sowjetescher Rouder Arméi Auschwitz-Birkenau befreit!