Zënter Mäerz 2020 sinn di grouss an di mi kleng Concertshalen ganz zou. Wéini een mol erëm an de Genoss vun engem Concert kënnt, wéi een et virun der Pandemie kannt huet, ass ongewëss. An enger Mini-Serie kucken mir op déi nach méi kleng Concertsorganisateuren - d'Kultur-Caféen a Bar'en, déi Alternativen zu de Mainstream-Concerten ugebueden hunn.
Haut huele mir iech mat an déi eelsten Disco vum Land - de „Flying Dutchman“.
D'Sandy Elsen war op Beefort de Bols fillen.

Flying Dutchman 27/01/2021

Gegrënnt gouf e schonn 1976, ma och iwwer 40 méi spéit Joer huet de „Fly“ näischt vu sengem originellen, alternative Spirit verluer. Ugefaangen hat alles mat sougenannte „Bal dansanten“, no a no goufen dunn ëmmer méi Concerten organiséiert a Museker wéi d'Nena oder den Hugo van Haastert hu live am Flying Dutchman zu Beefort performed. An d'Liewe geruff gouf d'Kult-Disco vun enger Hollännescher Fra an hirem eelste Jong, 2019 huet den Dan Terrao d'Rudder iwwerholl.

Ier den Dan Terrao viru ronn zwee Joer zum Gérant vun der Kult-Disco ass, war hie selwer zanter senger Jugend ee vun den treiste Fans a Clientë vum Flying Dutchman. Emsouméi louch et him um Häerz, dass dee spezielle Spirit net soll verluer goen.

Zanter 2019 steet de Flying net méi just fir gutt Musek, ma fir déi verschiddenste kulturell Evenementer. Dozou gehéiere nieft Live-Concerten ënnert anerem Theaterimprovisatiounen, Comedy-Owenter an Diskussiounsronnen. Dat neit Konzept war e vollen Erfolleg an huet och nees méi Clienten op Beefort gezunn, bis de Covid-19 koum. Duerch déi pandemiebedéngte Restriktioune gouf et de Summer iwwer finanziell ëmmer méi knapp, bis d'Disco am September kuerz virun der Insolvenz stoung.

Zäitweis ware guer keng Perspektive méi do an och lo liewen den Dan Terrao a seng Deelzäit-Employéen an der Ongewëssheet. Trotz allem huet een am Flying Dutchman d'Hoffnung nach net verluer.