Haut leeft d'Aktioun vu Natur an Ëmwelt fir déi 16te Kéier un. Dir braucht Iech nëmmen eng Stonn Zäit ze huelen.

De leschte Weekend am Januar 2021 ass d'Wantervullenzielung vu Natur an Ëmwelt. Duerch d'Ziel-Aktioun gëtt ee méi iwwer d'Bestänn  vun de Villercher gewuer an et ass an engems eng Sensibiliséierungscampagne.

D'Lieke Mevis iwwer d'Wantervullenzielung

"Dat heescht mir wëllen d'Leit drop opmierksam maachen wat fir eng wëll Déieren een am Alldag ronderëm sech huet. Well nëmme wat ee kennt, wëllt een och schützen.

D'Wantervullenzielung huet ee ganz wichtege Notzen an deem Sënn datt et eis eng Indikatioun ka ginn wéi d'Populatiounen evaluéieren. Wa mir elo matkréien dass eng bestëmmten Aart vill manner oft gezielt gëtt, da kann dat fir eis den Ustouss sinn fir zum Beispill eng wëssenschaftlech Etüd ze maachen zu deem Thema."

RTL

© Pixabay

2020 huet d'Märel der Schielmees bei der Wantervullenzielung erëm déi éischte Plaz iwwerlooss. D´Schielmees war a 89% vun de Lëtzebuerger Gäert op Besuch, d'Märel gouf ëmmerhin nach a 85% vun de Gäert observéiert. Do derhannert koumen d´Blomees, de Spatz an d'Routbrëschtchen.

RTL

© Pixabay

Op wat ee bei der Wantervullenzielung muss oppassen

"Et soll ee just evitéieren d'Villercher duebel ze zielen. Et gëtt elo näischt extra Wichteges, ausser dass jidderee ka matmaachen. Et brauch ee keen ausgebilten Ornitholog ze sinn. Mir si frou fir all Participatioun an et gëtt och flott Präisser ze gewannen."

Den 29ten, 30ten an 31ten Januar kënnt Dir fir d'Editioun 2021 matzielen.

RTL

© Pixabay

All d`Vullenaarten, déi Der gesitt, solle notéiert ginn. Um Site vu Natur an Ëmwelt fannt Der en Online-Formulaire, Informatiounen wéi een zielt an e Foto-Katalog vun deene Villercher, déi een hei am Wanter am heefegsten gesäit.