Leider hunn net ëmmer all Geschichten en Happy End. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet Bekanntschaft mat engem Déierchen gemaach dat schonn e laangen Wee hannert sech hat, dee beschwéierlech a net ëmmer schéin war. Haaptpersonnage ass e Mupp, deen et net einfach hat, a wou en plus och nach d'Gesondheet net ëmmer matgespillt huet.

Wéi d´Fifille, eng Cockerdämmchen vu sechs Joer, hirer éischter Famill ze deier gi war, ass et vun enger léiwer neier Meeschtesch iwwerholl an eenzock bei eis an d´Consultatioun bruecht ginn. D´Déier war deemools schonn e puermol mat Kniet u senge Mämmercher operéiert ginn. Wéi mir et virgestallt kruten, war et nach ëmmer net kastréiert, an hat erëm nei Tumeuren op béide Säiten vu senge Mëllechdrüsen. E puer dovunner ware scho méi déck an hunn ausgesinn, wéi wa si ganz deemnächst wéilten ulzéréieren, dat heescht, opbaschten!

28-01-2021 Deierentipp (1) Romi Roth - e Cocker mat Problemer

Do war jo deen Ament keen anere Choix méi, wéi ganz séier z´operéieren? Mais wéi wier et gewiescht, wann dee Mupp als jonkt Déier kastréiert gi wier?

Mudderen, déi virun der éischter Leefegkeet kastréiert ginn, d.h. d´Ovairen erausoperéiert kréien, kréie garantéiert kee Mëllechdrüsekriibs, bei enger Kastratioun no der 1. bis der 2. Leefegkeet ass nach ëmmer bal kee Risiko. Mat dem u sech falsche Begrëff „Sterilisatioun“ vum weiblechen Hond gëtt iwwregens  a Wierklechkeet och d´Kastratioun gemengt.  An d´Kastratioun huet och sécher net just Virdeeler, au contraire. Mais fréier, wéi Mudderen nach net routineméisseg operéiert goufen, war d´Kastratioun trotzdeem och schonn e ganz heefegen Agrëff. E war just dann meeschtens pathologesch indizéiert. Eben duerch Mämmercherkniet oder och nach duerch Entzündungen un der Matrice.  Beim Fifille waren déi éischt Tumeuren schonn héich béisaarteg. Mat Röntgen, Ultraschall a Punktiounen aus de Lymphkniet vun der kranker Géigend war elo och ze gesinn, dass eng weider Chirurgie dem aarmen Déier näischt méi profitéiert hätt. Well och engem Kriibsspezialist vun enger grousser däitscher Klinik seng Prognos fir d´Fifille ganz schlecht war, gouf dat léift Déier, wéi seng Tumeuren bis opgaange sinn, ouni Péng an den Äerm vu senger Meeschtesch ageschléifert.

28-01-2021 Deierentipp (2) Romi Roth - Kastratioun