Zu Lëtzebuerg ginn all Joers ronn 3.000 Mënsche mat der Diagnos Kriibs konfrontéiert an et gëtt geschat, datt eng 13.000 Mënschen zu Lëtzebuerg liewen, déi Kriibs hunn. Haut ass de Weltkriibsdag a mir wollte vun Iech wëssen ob Dir genuch informéiert sidd iwwert dës Krankheet, mir ware mam Mikro ënnerwee.

04022021 Emfro Kriibs

D'Fondation Cancer wëll e  Bewosstsi fir de Kampf géint de Kriibs erhéijen an de Fokus gëtt op Preventioun an Ënnerstëtzung fir Patienten a hir Famillje geluecht. De ganzen Dag iwwer encadréiere mir de Weltkriibsdag mat verschidde Reportagen.