Soubal een eppes Anormales beim A vu sengem Hausdéier feststellt, ass ee vum selwen virsiichteg. Domadder ass net ze spaassen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet eis e Beispill matbruecht dat liicht hätt kéinte méi geféierlech ausgoen.

"Dem Lola seng Meeschtesch hat en Handy-Message geschéckt, mat nawell enger Foto derbäi. Hire Mippchen, eng léif schwaarz Dackel-Mëschung wier soss zwar frou, hätt och nach gudden Appetit. Mais zanter e puer Stonnen géif d´Madamm un hirem aacht Joer alen Déier e bëssen ënnert dem lénken A eng Knupp gesinn. Dat Déngen wier ongeféier sou grouss wéi eng Sauboun an och d´A selwer kéim hier komesch vir. Et géif eng Grimmel no vir stoen a vun der Nues hir wier esou eng komesch rosa Haut driwwer. A wéi dem Lola seng Tattchen emol nëmmen douce friede wollt, wéi déi Bëls sech géif ufillen, huet de soss gedëllegen Hond ganz rosen mat den Zänn géint si geflätscht"

02-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Knupp um A

Dann huet déi Saach jo awer wéi gedoen? A vläicht schonn esou esou laang, dass d´Déier sech soss schonn un déi Péng gewinnt hat? Well, wéi gutt gesäit een esou eng Verännerung un engem Hond mat schwaarzem Pelz?

Et dauert tatsächlech meeschtens eng Zäit, ier Knuppen wéi déi hei, sech no baussen entwéckelt hunn. A bis dohinner huet et och wéi gedoen. Op enger Röntgen war ze gesinn, dass e puer Zänn, virun allem den lénksen, ieweschten, zweetleschten Bakzant ëm d´Wuerzelen ganz entzünt waren. A wann een op d´Zännfleesch gedréckt huet, ass och bluddegen Eeter komm. Grad bei deem Bakzant kann awer en Abcès vun der Wuerzelspëtzt riicht bis uewen, hannert d´A eropzéien an dat dann no vir bëlzen dinn. De klengen Dackel huet hell ewech missen schlofe geluecht ginn an am ganzen 6 Zänn gerappt kréien. Scho wéi et erëm waakreg gouf, huet d´Lola vill méi frou, bal wéi erléist gewierkt a säi lénkst A war erëm ganz normal.

02-02-2021 Deierentipp - Romi Roth - Knupp ewechmaachen