Wann d'Sonn schéngt kann de Kierper genuch Vitaminn D produzéieren. Am laangen an däischtere Wanter ass dat éischter net de Fall. Et kann ee sech awer mat de richtegen Iesswuere versuergen.

05022021 Iesswuere mat Vitaminn D

Fänke mer beim Fësch un. Mat den Omega 3 Saieren. Wien 100 Gramm Fësch-Ueleg zou sech hëlt, dee kritt automatesch och 300 Mikrogramm Vitaminn D. Dat ass e Rekord! Dofir ginn et och vill Hiersteller, déi Vitaminn D Kapselen hierstellen. A punkto Fësch ass et dann de Saumon oder d'Makréil, déi ganz uewen op der Lëscht stinn.
A well mer och nach an der Moullen-Zäit sinn, och si sinn e gudde Fournisseur wat de Vitaminn B ugeet.
Ma well et och vill Leit gëtt déi net esou frou mam Fësch sinn, et kann een och Eeër iessen. 2,9 Mikrogramm Vitaminn D ass an engem Ee dran. D'Eegiel eleng huet 5,4 Mikrogramm op 100 Gramm dat ass nawell net grad näischt.
Eng Alternativ ass eng gutt Pan Championen. An der kaler Joreszäit net ze verwerfen, abee mat hier mécht een näischt falsch. Elleng den Héngerfouss oder Pfifferling huet mat eppes Klenges méi wéi 2 Mikrogramm genuch Vitaminn B dass een net onbedéngt op Zousazproduite muss zeréck gräifen. Dernieft enthale Champignonen och Vitaminn B2 a B3 souwéi Kalium an Eisen. Eng richteg Vitaminn-Bomm.
Net all Mënsch soll drop zeréckgräifen, ma Margarine a Botter hunn och genuch Vitaminn D.
Um Enn ass de Wäert vu Vitaminn D mat 20 Mikrogramm den Dag uginn. Dëse Wäert zielt fir all Altersgrupp vun engem Joer un.
Wie sech reegelméisseg un der frëscher Loft ophält dréit zu 80 - 90 % selwer dozou bäi, dass genuch Vitaminn D am Kierper ass. Duerch déi richteg Ernierung kann een nach eemol 10 - 20 % dobäi kréien. Och wann dat nëmmen e klengen Undeel ass.
Eppes ass dann nach wichteg ze soen. De Vitaminn D ass net ze vernoléissegen. Besonnesch am Wanter ass eng bewosst Ernierung an e reegelméissegen Openthalt am fräie wichteg. Och wann d'Keelt engem et net grad ganz einfach mécht. Wien ënner Vitaminn D-Mangel leit deen ass mi ufälleg fir Krankheeten, riskéiert Péng an de Muskelen oder souguer Migrän.