D'Firma Nintendo huet an de leschten 3 Joer net manner ewéi 80 Millioune Switchen verkaaft, a Corona-Zäiten esou vill ewéi nach ni. Doheem gëtt et also ganz vill Gaming. Ma och um Computer sëtzen d'Kanner gären a vill, elo an der Pandemie nach méi ewéi soss. Mä wéi vill ass o.k. a ginn et Reegelen un déi ee sech sollt halen fir et gutt ze maachen?

Mir hu beim Jeff Kaufmann vu BeeSecure nogefrot. Am Allgemenge kann ee soen, dass et net schlëmm ass wa Kanner virum Ecran spillen, problematesch ass et awer wa se doduercher an der Schoul noloossen. Et sollt een och ëmmer oppassen ob déi Spiller dem Alter  ugepasst sinn.

Kucken fir wéi een Alter wéi eng Spiller sinn

"Dës Indikatiounen [op de Spiller] si natierlech och net ouni Grond do. Wann op engem Spill steet dass dat eréischt ab 18 ass, dann ass et net dass d'Kand vu 9 Joer déi Spiller soll spillen, well déi Spiller ënner Ëmstänn gewaltverherrlechend Inhalter hunn, pornografesch Inhalter, déi wierklech net fir Kanner oder Jonker ënner 18 geduecht sinn."

Am Beschten Der spillt et eng Kéier mam Kand zesummen fir ze gesinn ëm wat genee et sech handelt. Et ass schwéier ze soen wéi vill soll gespillt ginn, och dat ass individuell ze bestëmmen. Dat gëllt fir d'Benotze vun all de Medien, inklusiv dem Handy, wou jo och gäre Videospiller drop gespillt ginn.

Eng eege Spillkonsol ?

"Da kann ee sech natierlech och ëmmer d'Fro stellen ab wéi engem Alter et sënnvoll ass dem Kand eng eege Spillkonsol unzeschafen, ob déi soll am Zëmmer vum Kand stoen oder awer éischter am Living. A wat mir och ëmmer soen ass, dass ee wierklech kann envisagéieren zesumme mam Kand déi éischt Schrëtt ze maachen bei de Videospiller. Dat ergëtt sech elo zum Beispill ganz gutt wou een och méi Zäit doheem mat de Kanner verbréngt well aner Saache net méiglech sinn mat Corona."

© Pixabay

D'Medie sollt ee net vu vir eran verdäiwelen, jidderee vun eis benotzt se am Alldag an d'Jugend wiisst domadder op.

Videospiller si net nëmme schlecht

"A punkto Videospiller gëtt och gesot dass se kënnen e positiven Afloss op d'Entwécklung vun de Jonker hunn. Donieft muss een och soen ewéi et ass: Jonker benotzen hautdesdaags Multiplayer-Videospiller mat Kolleegen zesummen. Dat heescht nieft dem Spillen kréie se och d'Méiglechkeet fir online mat hinnen ze schwätzen, grad elo wou et soss net vill Méiglechkeete ginn fir sech ënnerteneen ze gesinn, bidde Videospiller eng Plattform wou ee sech kann ënnerhalen an déi Dier sollt ee net verspären."

Zum Beispill duerch spezifesch Profiller fir Kanner déi engem et erlaben fir Inhalter ze blockéieren, d'Spillzäiten ze limitéieren oder d'Kafe vu Spiller iwwer App-Storen ze blockéieren oder ze limitéieren.